Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  TLC - Creep

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schaarf Kritik vun der Staatsbeamtegewerkschaft

CovidCheck op der Aarbecht

Schaarf Kritik vun der Staatsbeamtegewerkschaft

D'CGFP kritiséiert de Minister fir den ëffentlechen Déngscht schaarf: de Marc Hansen géif keng Kompromëssbereetschaft erkenne loossen a géif sech Alternativen, déi op gesondem Mënscheverstand baséieren, verschléissen.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

Gëschter hat d'Staatsbeamtegewerkschaft CGFP zu Senneng eng Entrevue mam Minister fir den ëffentlechen Déngscht, wou et ëm de CovidCheck-Regime op der Aarbechtsplaz gaangen ass. Dëse soll jo vum 1. November u méiglech sinn.

Dräi Haaptbedenke vun der Staatsbeamtegewerkschaft

D'CGFP hätt dräi Bedenken, seet hire Generalsekretär Steve Heiliger: Agents publics, déi de CovidCheck net maache kënnen, dierften "op kee Fall" a leschter Konsequenz d'Gefor lafen hir Plaz ze verléieren.

Weider misst et duerch déi ganz Fonction publique ee roude Fuedem ginn, an d'Verantwortung dierft net op d'Verwaltungscheffen ofgewälzt ginn. "Herno [hu] mer grad esouvill CovidCheck-Systemer, wéi mer Verwaltungen hunn."

D'CGFP ass ausserdeem der Meenung, datt wann zertifiéiert Schnelltester als Optioun proposéiert ginn, d'Käschte vum Patron - an dësem Fall dem Staat - gedroe ginn.

"Op deenen dräi Punkten hu mer keng Satisfaktioun kritt, an dat erkläert dann och eis Reaktioun haut", esou de Constat vum Steve Heiliger.

CGFP seet Minister Hansen wier een "uneinsichtiger Minister"

D'CGFP schwätzt haut an engem Communiqué vun engem méi grousse Konfliktpotential a Beräicher vum ëffentlechen Déngscht: d'Fäll vun Net-Geimpften, déi op hirer Aarbecht belästegt oder diskriminéiert ginn, géife schénge sech ze heefen. An Eenzelgespréicher géif Drock op Net-Geimpfter gemaach ginn.

D'Staatsbeamtegewerkschaft kënnegt un hir intern Berodungen zum Theema wëllen ze intensivéieren. Zesumme mat OGBL an LCGB hat d'CGFP der Regierung een Ultimatum bis den 31. Oktober gestallt.