Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schaarf Kritik un zousätzlechem Congé

Handelskammer

Schaarf Kritik un zousätzlechem Congé

D'Handelskammer kritiséiert déi geplangten Aféierung vun engem zousätzleche legale Congésdag an engem eelefte Feiderdag. An hirem Avis zum Gesetzprojet vun der Regierung kritiséiert d'Chambre de Commerce, datt déi Mesuren am Virfeld net mat den Entreprisen diskutéiert gi sinn.

auto_stories

2 min

Chambre de Commerce (Foto: Lux Frank)

Et géif keng Récksiicht op d'Konsequenze vun den zwou Mesuren op de Privatsecteur geholl ginn, weder finanziell, nach wat d'Aarbechtsorganisatioun vun de Betriber ugeet. Eng Baisse vun der Aarbechtszäit géif nämlech d'Produktivitéit vun de Betriber negativ treffen an d'Lounkäschten an d'Luucht dreiwen, argumentéiert d'Chambre de Commerce an hirem Avis zum Gesetztext, deen den Donneschdeg der Chamberkommissioun presentéiert gouf. Virun allem den Handel fäert negativ Konsequenzen, genee wéi den Horesca-Secteur an d'Finanzplaz.

De geplangte Feierdag den 9. Mee, kéint dozou féieren, datt d'Salariéë méi Brécke wéilte maachen. An deene Secteure wou et strukturell net méiglech wier, fir deen Dag fräi ze huelen - zum Beispill an der Gastronomie - missten d'Entreprisen déi Stonnen zousätzlech verrechnen. Dofir freet d'Chambre de Commerce, datt aus dem geplangten neie Feierdag en normale Congésdag gemaach gëtt, deen zu engem aneren Zäitpunkt wéi dem 9. Mee kann erageholl ginn. Alternativ zum neie Feierdag den 9. Mee, kéint d'Chambre de Commerce sech virstellen, datt en anere Feierdag ofgeschaaft géif ginn.

Zum zousätzleche Congésdag fuerdert d'CCL datt méi kloer am Gesetz präziséiert gëtt, datt déi Mesure just fir déi Betriber gëllt, déi just 25 legal Congésdeeg hunn.

Schonn 2019 soll de legale Congé vu 25 op 26 Deeg gehéicht ginn, dat gesäit de Gesetzprojet vir. Déi Salariéen déi scho méi wéi 25 Deeg Congé hunn, kréie keen zousätzlechen Dag bei. Esou gesäit de Projet de loi et vir, deen den Donneschdeg an der Chamber presentéiert gouf. D'Staatsbeamte falen net ënner déi nei Reegelung, well si scho méi Congé hunn. Zousätzlech wëll d'Regierung fir all Salarié am Land den Europadag de 9. Mee als 11. Feierdag am Joer aféieren.

Déi zwou Mesure soll réckwierkend op den 1. Januar gëllen.