Radioen

On air

Notturno  |  Mathieu Clement Sextet - Coming Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Santé: "Och Geimpfter solle sech weider teste loossen"

Large-Scale-Testing

Santé: "Och Geimpfter solle sech weider teste loossen"

Och wann ee schonn eng Impfung krut, soll ee sech weider op de Coronavirus teste loossen, seet den Thomas Dentzer. Hie këmmert sech am Gesondheetsministère em d'Corona-Tester a betount, datt geimpft Leit weider géifen an de Large-Scale-Testing invitéiert ginn. Et wier nach net kloer, ob geimpfte Leit ustiechend kënne sinn.

auto_stories

2 min

Wann ee geimpft ass géif een zwar selwer keng Symptomer méi kréien, dat géif awer net forcement verhënneren, datt een de Virus a sech kann droen an aner Leit kéint ustiechen, esou den Thomas Dentzer. Fir méi Kloerheet doriwwer ze kréien, ob een no der Impfung nach ustiechend ass, géifen déi geimpfte Leit weider an de Large-Scale-Testing invitéiert ginn, fir datt sou Daten dozou generéiert kënne ginn.

Et géifen zwar schonn Indikatioune ginn, datt ee jee no Impfstoff zu engem oder zwee Drëttel virdru geschützt wier, de Virus guer net méi ze kréien. Dës Donnéeë géifen awer op zimmlech klengen Zuele baséieren, seet den Thomas Dentzer.

An den nächste Wochen a Méint géif sech dann erausstellen, wéi geréng d'Warscheinlechkeet, de Virus ze kréien, wierklech ass. D'Regierung bräicht dës Donnéeën, wann et drëms geet Lockerunge vun de Corona-Mesuren ze decidéieren.

Bis gekläert ass, ob een trotz Impfung de Virus ka weider ginn, missten och geimpfte Leit, wa se positiv op de Coronavirus getest goufen, a Quarantän. Et wier och am Interessi vun der geimpfter Persoun fir ze wëssen, datt ee seng Famill a Frënn wierklech net kéint ustiechen, preziséiert den Thomas Dentzer.