Radioen

On air

Notturno  |  Mathieu Clement Sextet - Coming Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sanktioune géint Russland gräife vun haut un

Ukrain-Konflikt

Sanktioune géint Russland gräife vun haut un

Zanter e Méindeg Moien ass et eescht mat den europäesche Wirtschaftssanktioune géint Russland. Dat huet Konsequenzen op ville Niveauen.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Viséiert ass virun allem déi russesch Zentralbank: all Transaktioune vun europäeschem Kapital mat der russescher Zentralbank sinn elo verbueden, parallel ginn all Verméigenswäerter vun der Bank an der EU agefruer.

De russesche Rubel ass doropshin an de Keller gaangen, fir en Dollar muss en elo 112 Rubel bezuelen, en Drëttel méi wéi nach d'lescht Woch.

E groussen Impakt op russesch Banken

Als Reaktioun huet déi russesch Zentralbank de Leetzëns vun 10,5 op 20 Prozent gehuewen. Parallel gouf mat engem Verkafsverbuet vu russeschen Aktien, déi an auslänneschen Hänn sinn, reagéiert.

Enk gëtt et elo scho fir déi russesch Sberbank, Investisseuren hunn am grousse Stil Kapital ofgezunn. Déi europäesch Bankenopsiicht geet dervunner aus, datt dat d'Bank mam Haaptsiège zu Wien wuel net wäert iwwerliewen.

Russland gëtt ofgekappt

Well och de SWIFT-System fir verschidde russesch Banke ausgesat soll ginn, ginn d'Finanztransferte mat Russland praktesch onméiglech, allerdéngs trëfft dëst och europäesch Entreprisen, déi elo net méi vun hire russesche Cliente kënne bezuelt ginn.

De grousse Spillverdierwer sëtzt am Moment nach am Alperaum a verschanzt sech hanner der Neutralitéit: D'Schwäiz huet bis elo russescht Kapital nach net blockéiert. Dobäi leie grad do mat geschate 14,5 Milliarden Euro déi gréisse russesch Volummen.