arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sandra Thein iwwerhëlt iwwergangsweis Direktioun vum HRS

Hôpitaux Robert Schuman

|
reading time

1 min

Sandra Thein iwwerhëlt iwwergangsweis Direktioun vum HRS

An den Hôpitaux Robert Schuman bleift d'Situatioun tëscht dem Nach-Generaldirekter Claude Schummer an dem Verwaltungsrot onkloer. No der Reunioun vum Verwaltungsrot heescht et haut an engem Communiqué, datt de Claude Schummer am Accord mat de HRS-Responsabelen zanter dem Méinden leschter Woch net méi op sengem Büro ass.

reading time

1 min

Wärend dëser Iwwergangsphas géif d'Verwaltungs- a Finanzdirektesch Sandra Thein d'Direktiounskollegial iwwerhuelen. Den HRS weist all Verdacht oder Rumeur vun eegestännegen Impfcampagnen zeréck, esou Aktioune kéinten net toleréiert ginn.

Déi anonym Mobbingvirwërf aus de elschten Deeg géifen am Kader vun enger interner Enquête ënnersicht ginn. De Verwaltungsrot stellt ech hanner d'medezinesch Direkteren, déi nach ëmmer d'Vertraue vum HRS hätten. Anonym Attacken a béiswëlleg Ënnerstellunge kéinte juristesch Konsequenzen hunn, heescht et weider a Communiqué.