Radioen

On air

Tockcity  |  Skepta, Lex Luger - Alpha Omega

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Sanchez freet dräi nei EU-Sproochen un

EU-SPROOCHE-REGIME

Sanchez freet dräi nei EU-Sproochen un

Nieft Kastillesch sollten och Katalanesch, Galizesch a Baskesch als EU-Sproochen unerkannt ginn, sou eng Demande vun der spuenescher Regierung. Op d'Iwwersetzungs-Servicer vun den EU-Institutiounen kéim däitlech méi Aarbecht zou.

auto_stories

3 min

An der Europäescher Unioun sinn den Ament 24 Sproochen offiziell unerkannt. Lëtzebuergesch ass bekanntlech keng dovun. De Grand-Duché huet bis elo ni esou eng Demande bei der EU agereecht, och wann d'Diskussioun heiansdo opkoum.

Spuenien awer huet elo esou eng Ufro gemaach. An engem Bréif un de Conseilspresident vum 17. August freet d'Regierung offiziell un, datt nieft dem Kastilleschen, och Katalanesch, Galizesch a Baskesch als EU-Sprooch sollten unerkannt ginn.

Demande misst unanime vu 27 EU-Länner ugeholl ginn

Déi Demande huet éischter Symbolcharakter: De Sozialist Pedro Sanchez krut mat senger Regierung bei de Walen am Juli keng Majoritéit. Hie wëll elo de separatistesche Parteien entgéint kommen.

D'Chancen, datt seng Ufro bei den EU-Institutiounen duerchgeet, sinn allerdéngs kleng.

Wat als offiziell EU-Sprooch bezeechent gëtt, reegelt d'Reglement Nummer 1, dat éischt also wat jeemools an der EU adoptéiert gouf. De Kommissiounsspriecher Balazs Ujvari erkläert:

"C'est le 1er règlement adopté jamais dans l'union européenne, qui fixe les langues. Il a été adopté en 1958 et a été modifié à plusieures occasions à cause des élargissements. En ce moment on est à 24 langues."

Dat Reglement seet, datt et un de Memberlänner ass, EU-Sproochen ze definéieren. D'Decisioun, nei Sproochen opzehuelen, misst vun de Länner eestëmmeg geholl ginn. Datt dat geschitt, ass net warscheinlech.

Extra Ofkommes mat Spuenien

Spuenesch Bierger kënnen elo schonn hir schrëftlech Demanden un d'Kommissioun an enger vun de véier Landes-Sproochen maachen. Dat seet een extrat Ofkommes, wat och festleet, datt d'Käschten dofir vu Madrid musse gedroe ginn.

Doriwwer, wat Bréissel d'Iwwersetzen an dräi zousätzlech Sprooche kaschte géing, gëtt et den Ament keng Estimatiounen:

"En 2022 le Budget de la Commission pour tout ce qui est traduction, y compris le coût du personnel qui y travaille, dépassait de peu les 300 millions d'euros, c'était le budget de la Commission pourla traduction dans toutes les 24 langues officielles."

Dee Budget betrëfft awer just de Service vun der Kommissioun, deen aleng zejoert iwwer zwou an eng Hallef Milliounen Säiten iwwersat huet. Op deen nämmlechte Volume kënnt dee vum Europaparlament mat Sëtz zu Lëtzebuerg. Den Iwwersetzungs-Service vum Conseil huet engem Rapport no 2022 och iwwer eng Millioun Säiten iwwersat.

Géif déi spuenesch Demande ugeholl ginn, missten all déi Dokumenter net méi just a 24, mee a 27 Sproochen iwwersat ginn. D'Rapporte weisen, datt och ouni nei Sprooch, an de leschte Joren de Pensum, deen d'Servicer ze bewältegen haten, reegelméisseg an d'Luucht goung. Och d'Deadline wier méi enk ginn, heescht et am Rapport vun der Kommissioun.

Wéini am Conseil iwwer déi spuenesch Demande diskutéiert gëtt, ass nach net gewosst. Et wier ze wënschen, datt dat schonn de 19. September an där nächster Sitzung vum Conseil vun de Ministeren, déi fir d'EU zoustänneg sinn, geschitt, heescht am Bréif vun der spuenescher Regierung.