Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  John Moods - Talk To Me

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sample vun der Woch: Afloss op déi ganz New Yorker Schoul

Donald Byrd - Wind Parade

Sample vun der Woch: Afloss op déi ganz New Yorker Schoul

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

auto_stories

3 min

Den Donald Byrd gouf als ee vun de beschten Trompettiste vu senger Zäit ugesinn. Vu Mëtt de 50er bis Mëtt 60er huet hie vill opgeholl, meeschtens fir Blue Note. Enn vun de 60er Jore war de Byrd faszinéiert vum Miles Davis senger Fusiounbeweegung an huet ugefaangen an déi Richtung opzehuelen. An de fréie 70er huet hien eng méi liicht a kommerziell Versioun vum Fusion-Sound perfektionéiert, déi sech vum Davis duerch soulesch Aflëss ënnerscheet huet. D'Meenungen iwwer dës Phas vum Byrd senger Karriär divergéiere komplett: Jazzpuristen hunn dem Byrd dat ni verzie sech un aner Genrë probéiert zu hunn, wärend Jazz-Funk-Fans seng Aarbecht als ee vun den innovatiivsten an dauerhaftste Versich vu senger Aart gesinn. Tatsächlech, proportional geschwat, gouf de Byrd vun deem Publikum nach méi héich geschätzt wéi vu strikten Jazzfans.

Den Donaldson Toussaint gouf den 9. Dezember 1932 zu Detroit, Michigan, gebuer. Säi Papp war Amateurmuseker, an de Byrd war schonn en erfollegräichen Trompettist, wéi hien de Lycée ofgeschloss huet. Hien huet wärend senger Zäit an der AirForce an enger Militärband gespillt an huet duerno säi Bachelor an der Musek op der Wayne State University ofgeschloss. Hien ass 1955 fir säi Master an der Manhattan School of Music op New York geplënnert. Nodeems hien an esou Gruppe wéi Jazz Messengers war, huet hie weiderhi mat Leit wéi John Coltrane gespillt an dorops hin den Jazz Lab Quintet gegrënnt. Kuerz drop ënnerschreift hie bei Blue Note a bréngt eng ganz Rei historesch Jazzplacke bei hinnen eraus. Hie war mëttlerweil och vollzäit Museksproff an huet ugefaangen afrikanesch Musek ze studéieren. Hien huet sech fir de Miles Davis interesséiert an deem seng Efforten ee méi jonke Publikum ze begeeschteren, andeems hie mat Elektronik a Funk-Rhythmen experimentéiert huet. Nodeems de Byrd säin Album "Black Byrd" mat de Mizell Bridder opgeholl huet, hat hie mat senger Fusioun aus Jazz an RnB ee vu senge gréisste Succèsen um Label Blue Note. An dëser neier Ära koum dann och deen Album eraus, vun deem d'Lidd "Wind Parade" vum Album "Places and Spaces" ass.

Dëst Lidd gouf fir eng ganz Serie vun Tracks gesampelt, ënner anerem vu Black Moon. Si maache "Buck Em Down" doraus, op hirem éischten Album "Enta da Stage" vun 1993. De Beat ass gemaach vum DJ Evil Dee vun de Beatminerz. Dësen Track huet déi ganz New Yorker Schoul beaflosst.

Op der anerer Küst vun den USA gouf dësen Track awer och erfollegräich gesampelt an zwar vum 2nd II None fir d'Lidd "Let's Get Higher (Feat. DJ Quik)" vun 1994.

Mee d'Lidd huet et och deemools bis a Frankräich gepackt, an zwar mam Sat vun der Fonky Family. Hie mëscht "Kidz" doraus. Dat war op sengem Album "Dans mon monde" vun 2002.