Radioen

On air

Notturno  |  Rosali - On Tonight

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Um richtege Wee"

Konsumenteschutz

"Um richtege Wee"

Am blo-rout-grénge Regierungsprogramm war d'Aféiere vu Sammelkloen virgesinn, mat deene Konsumente gemeinsam géint Feelverhale vun Entreprisë kéinte kloen. Datt virun de Wahlen nach ee Gesetzprojet deposéiert gëtt, hält de Bob Schmitz vum Konsumenteschutz fir onwahrscheinlech. De Wirtschaftsministère géif awer un engem Avant-Projet schaffen.

auto_stories

3 min

© Foto: Bigstock / vladek

Am Koalitiounsaccord gëtt d'Sammelklo op zwou Plazen erwähnt. Am Kapitel iwwer d'Justiz heescht et méi virsiichteg: "La possibilité d'introduire des actions de groupe sera étudiée avec pour objectif une meilleure défense des droits des consommateurs." Am Kapitel iwwer de Konsumenteschutz steet méi affirmativ: "Introduction de l'Action en Réparation Collective (Action de Groupe) suivant la recommandation de la Commission Européenne".

Am Juni 2013 hat d'EU-Kommissioun recommandéiert, datt all d'EU-Memberstaate bis 2015 gemeinsam Prinzipie fir Sammelkloen ëmsetzen. Bis elo feelt een entspriechend Gesetz hei am Land.

Avant-Projet an der Maach

Ufank Juni hat de Wirtschaftsministère ee Seminär zum Thema organiséiert. Vertruede waren ënner anerem d'EU-Kommissioun, franséisch Experten, d'ULC an de Patronatsdaachverband UEL. De Bob Schmitz vum Konsumenteschutz gesäit de Verlaf vun den Diskussioune positiv. D'UEL wier deels nach skeptesch, hätt awer agesinn, datt esou ee Gesetz misst kommen:

"A besonnesch zu Lëtzebuerg, wou mir awer gutt matenee schwätzen, misst dat méiglech sinn. Besonnesch wann d'Politik matmécht a momentan gesäit et sou aus, datt déi um richtege Wee sinn."

Vum Konsumente- bis zum Dateschutz

Ofgedeckt wier vun esou engem Gesetz sécher de Code de la Consommation, esou de Jurist. Mee och fir d'Duerchsetze vun de Rechter vu Locatairen, vum Konkurrenzrecht a vum Dateschutz kéinte Sammelkloen méiglech ginn. Domadder géif Lëtzebuerg méi wäit goen, wéi eng Direktiv, déi d'EU-Kommissioun rezent proposéiert huet.

Bis dës Direktiv ëmgesat gëtt, kéint et wéinst dem Widderstand vun den Entreprisen nach laang daueren, mengt de Bob Schmitz. Lëtzebuerg hätt dowéinst Interêt, dëser Virlag mat engem eegene Gesetz virzegräifen, mengt de Bob Schmitz.

Argumenter fir d'Sammelplainte

Déi rezent Diesel-Affär huet dem Bob Schmitz no gewisen, wéi wichteg d'Instrument vun der Sammelklo wier. Ee grousse Virdeel wier, datt d'Geriichter an enger gebündelter Affär eng Decisioun kéinten huelen, amplaz iwwer lauter Eenzelfäll ze entscheeden. Aus Perspektiv vum Eenzele géif et sech och dacks guer net lounen, dee finanzielle Risiko vun enger Geriichtsprozedur anzegoen.

Méi einfach wier et, wann Asble wéi d'ULC am Numm vun de Concernéierte kéinten eng Plainte deposéieren. Besonnesch an engem Land wéi Lëtzebuerg, wier et ee "groussen Avantage, datt déi eenzel Verbraucher dofir net hire Kapp an hiren Numm musse virhalen".

Fir de Finanzement vun esou Plaintë kéint eventuell een ëffentleche Fong agefouert ginn. Dat wier wichteg, och fir ze verhënneren, datt eng "Industrie" entsteet, wou grouss Affekotefirmen un den Dedommagementer verdéngen, déi d'Konsumenten ze gutt hunn.


Bob Schmitzplay_arrow