Radioen

On air

Notturno  |  My Morning Jacket - You Wanna Freak Out

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sam Tanson: Zwee bis dräi Méint ier Gesetzesprojet iwwer Impfflicht virläit

Pandemie

Sam Tanson: Zwee bis dräi Méint ier Gesetzesprojet iwwer Impfflicht virläit

Déi prinzipiell Decisioun fir eng Impfflicht ass gefall, elo geet et drëm, dat Ganzt konkret ëmzesetzen. Dofir ass déi ganz Regierung zoustänneg, ganz besonnesch awer d'Justizministerin, déi mam Ausschaffe vu konkreten Textpropose beoptraagt ass. Ënner anerem bei de Sanktioune sinn nach eng ganz Rei Froen ze klären, obwuel sech éischt Tendenzen erausschielen

auto_stories

2 min

D'Justizministesch Sam Tanson rechent dermat, datt et zwee bis dräi Méint wäert daueren, ier de Projet de loi iwwer d'Aféierung vun enger Impfflicht virläit.

"D'Fräiheet ze refuséieren huet Konsequenzen"

Et bleiwen nach eng ganz Rei Froen ze klären, bei eenzele schielt sech awer eng Tendenz eraus. Sou leeft et éischter op eng administrativ Amende wéi op enger penal Sanktioun eraus. D'Justizministesch huet awer ënnerstrach, datt eng Impfflicht keen Impfzwang ass:

"Et ass wichteg ze soen, datt jiddereen - an deem Dispositif, wéi ech mer e virstellen a wéi mir en och diskutéiert hunn - d'Fräiheet huet, et ze refuséieren. Just eben, datt déi Fräiheet et ze refuséieren, da Konsequenzen huet. Dat heescht wann ech net geimpft sinn, ech kréien imposéiert, mech impfen ze loossen, an ech maachen et trotzdeem net, dann ass d'Konterpartie dovun, datt ech muss eng Strof bezuelen."

Text soll op den Instanzewee soubal e prett ass

Bei där Geldstrof misst nach gekläert ginn, ob se eemoleg oder e puer Mol (zum Beispill all Mount, wou een net geimpft ass) verhaange gëtt.

Soubal en Text prett ass, géif en och op den Instanzewee geschéckt ginn, sou d'Sam Tanson - fir datt e prett ass, wa sech zum Beispill am Hierscht opgrond vun de wëssenschaftlechen Donnéeë weise sollt, datt eng Impfflicht noutwenneg ass.

"Mir sinn hei an der Precautioun. Mir preparéieren, mir antizipéieren dat wat riskéiert nach eng Kéier am Hierscht ze geschéien. Dat ass eppes, wat vläicht e bësse méi exzeptionell ass. Mee et geet eben drëm, datt mer virsiichteg virginn an datt mer prett si fir déi Erausfuerderungen, déi sech riskéieren och nach eng Kéier am Hierscht ze stellen. A wann et do Erkenntnisser géife ginn, déi eis géife soen, datt mer dat net bräichten: ma tant mieux! Mee wann d'Situatioun déi selwecht ass wéi elo, da gëtt deen Text natierlech gestëmmt."