Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ CNA: Sam Tanson kann Decisioun vum Paul Lesch "absolut novollzéien"

No interne Problemer

CNA: Sam Tanson kann Decisioun vum Paul Lesch "absolut novollzéien"

D'Sam Tanson kann "absolut novollzéien", datt de Paul Lesch net un engem zweete Mandat als Direkter vum CNA interesséiert ass. Dat sot eis déi gréng Kulturministesch op Nofro hin. Bis de Posten nei besat ass, wäert de Paul Lesch als Interim bleiwen, an dono bekëmmert hie sech ëm d'Recherche ronderëm d'Kollektioun vum Edward Steichen.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


D'lescht Woch war annoncéiert ginn, datt den Direkter vun Centre national de l'audiovisuel no internen Tensiounen decidéiert hätt, net wëllen op sengem Posten ze bleiwen.

D'Sam Tanson seet, et wier eng perséinlech Decisioun vum Paul Lesch. Si hätten e ganz gutt Gespréich matenee gehat. Si hätten dunn decidéiert, datt de Paul Lesch sech géif ëm d'Recherche ronderëm d'Kollektioun vum Edward Steichen bekëmmeren.

Si géif fannen, dat wier eng ganz gutt Léisung, well et géif nach vill ze recherchéiere gi ronderëm den international renomméierte Fotograf mat Lëtzebuerger Originnen. De Paul Lesch wier absolut adaptéiert fir dat unzegoen.

Konflikter besti scho méi laang

Zanter op d'mannst engem Joer war de Paul Lesch intern ëmstridden. Eng Mediatioun fir tëschent der Direktioun an Deeler vum Personal ze vermëttelen, war gescheitert. Dono gouf e Comité d'accompagnement agesat. Kritik gouf et ënner anerem un der Manéier, wéi den Direkter d'Digitaliséierung an d'Zesummeleeë vun den Archive vum CNA geréiert huet.

D'Sam Tanson mengt net, datt et kéint zu weidere Konflikter kommen. Mir hunn der Kulturministesch déi Fro gestallt, well de Paul Lesch a senger neier Funktioun nach mat Leit aus dem CNA zesummeschafft, mat deenen hie méiglecherweis also bis elo a Konflikt war.Bis de

De Poste vum Direkter oder der Directrice vum CNA soll elo ausgeschriwwe ginn, esou d'Sam Tanson. Esou eng Prozedur géif heiansdo ganz séier goen, an heiansdo géif se ganz laang daueren. Dofir wier si ganz frou, datt de Paul Lesch acceptéiert huet, den Interim ze maache bis de Posten nei besat ass.