Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Sam Tanson ass Spëtzekandidatin vun deene Gréngen

Chamberwalen

Sam Tanson ass Spëtzekandidatin vun deene Gréngen

Sam Tanson: esou heescht elo och offiziell déi national Spëtzekandidatin vun déi gréng fir d'Chamberwalen den 8. Oktober. D'Justiz- a Kulturministerin gouf um ausseruerdentleche Kongress a Clausen eestëmmeg zur Spëtzekandidatin gewielt. Et ass déi éischte Kéier, datt déi Gréng op eng national Spëtzekandidatur setzen.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Eestëmmeg gouf déi 45 Joer al fréier RTL-Journalistin, fréier Affekotin a fréier gréng Parteipresidentin also als Spëtzekandidatin gewielt.

"Déi Persoun, déi eist Land genee elo brauch"

"Et wier esou schéin, wa mir och zu Lëtzebuerg endlech mol eng Fra un d'Spëtzt vum Land kriten", esou sengersäits de Vize-Premier a Co-Spëtzekandidat am Bezierk Zentrum François Bausch um grénge Kongress. Eng Meenung, déi de Meris Sehovic genau esou deelt:

"D'Sam Tanson ass déi Persoun, déi eist Land genee elo brauch."

Déi gréng ginn et zënter 40 Joer an zënter bal zéng Joer ass d'Partei an der Regierung. Elo hätt een den Usproch "nach méi Verantwortung" ze iwwerhuelen, esou d'Sam Tanson.

"Et geet hei net ëm mech, et geet hei ëm dat wat mir gemeinsam vir hunn. An et geet ëm Lëtzebuerg."

An hirer Ried vu gutt 35 Minutten huet d'Sam Tanson ënnert anerem den Ukrain-Krich ugeschwat, mee och klassesch gréng Theme wéi d'Äerderwiermung an de Biodiversitéits-Verloscht. Dat wieren alles déi determinéieren Erausfuerderunge vun eiser Generatioun, sot déi frësch gekréinte Spëtzekandidatin.

Logementspolitik als Schwéierpunkt

Néideg wier eng Steierpolitik, déi een Ënnerscheed tëschent Mëttel- a Groussverdénger mécht, déi keng Ongerechtegkeet fir elengerzéiend Elteren duer stellt, an de Kanner eng Plaz gëtt, esou eng weider Ausso vun der Spëtzekandidatin, déi och iwwert d'Wunne geschwat huet.

"Ech wëll e Land, an deem jidderee weess, datt e kann e würdegt Doheem hunn, datt e sech dat leeschte kann, an der Stad oder um Land, ob als Locataire oder als Proprietär."

Souwäit déi fréier Logementsministerin um grénge Kongress. Hir komplett Kandidatelëschte fir d'Chamberwalen a gutt engem hallwe Joer wëllen déi Gréng Ufank Juli presentéieren.