Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  D'Angelo - Brown Sugar

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Saint-Paul: Sozialplang fir 80 Aarbechtsplazen

Lëtzebuerger Mediesecteur

Saint-Paul: Sozialplang fir 80 Aarbechtsplazen

Déi aktuell Kris am Mediesecteur mat engem Réckgang vun den Annoncë wéinst der Corona-Epidemie géife gréisser Mesuren erfuerderen. Dofir misste Käschte reduzéiert ginn ouni d'Qualitéit a Gefor ze bréngen, heescht et an enger interner Kommunikatioun, déi eis virläit.

auto_stories

2 min

Déi intern Organisatioun géif iwwerschafft gi fir méiglechst vill Synergien am Grupp Mediahuis ze kréien:

L'accélération digitale de notre offre et de notre organisation ainsi que l'augmentation de note efficacité opérationnelle rendent inévitables un nombre d'interventions au sein de notre organisation et nous mènent en conséquence à lancer officiellement ce jeudi 17 septembre 2020 un plan social visant à réduire le nombre d'emplois de Saint-Paul Luxembourg S.A. et de régie.lu S.A. de 80 emplois. Ces réductions concernent toutes nos activités.

Neie Referenzaktionär zanter dem Fréijoer

Viru fënnef Méint war annoncéiert ginn, datt den europäesche Mediegrupp mat Sëtz zu Antwerpen de Lëtzebuerger Grupp Saint-Paul opkaaft huet. Saint-Paul gëtt mam Lëtzebuerger Wort déi gréisst Dageszeitung eraus, sou wéi ë. a. den Télécran a Contacto. Virdru war de Grupp Lafayette SA., déi de Patrimoine vum Bistum geréiert, Referenzaktionär vu Saint-Paul.

An enger éischter Phas hat den neie Propriétär gesot, et wéilt een e Sozialplang evitéieren. Datt elo awer een néideg wier, gëtt op d'Corona-Epidemie zeréckgeféiert.

Nous sommes bien conscients que ce plan social peut à première vue être considéré comme en contradiction avec nos affirmations de vouloir éviter un plan social des dernières années. L'ampleur de la crise actuelle, évènement de force majeure et totalement imprévisible, et surtout toutes les perspectives à moyen et long terme nous forcent cependant à mettre en oeuvre des mesures plus importantes pour maintenir la rentabilité et développer de bonnes perspectives pour le futur.

De Méindeg fänken d'Verhandlunge fir de Sozialplang un.

Verhandlunge iwwer de geplangte Sozialoplang starten den 21. September

Vertrieder vum Lëtzebuerger Chrëschtlesche Gewerkschaftbond an déi concernéiert Personaldelegatioune wieren och den Donneschdeg iwwer d'Plang vum Grupp Saint Paul informéiert ginn, schreift d'Gewerkschaft an engem Communiqué.

D'Verhandlungen iwwer de geplangte Sozialplang sollen den 21. September ufänken.

Personaldelegatioun weist sech iwwerrascht an enttäuscht

Am 100,7-Interview reagéiert de Guy Pelletier, de President vun der Personaldelegatioun bei Saint-Paul, op d'Annonce vun de Moien. Hie seet sech komplett iwwerrascht an déif enttäuscht vum Generaldirekter Paul Peckels:

De Guy Pelletierplay_arrow