D'Mesure ass verschiddenen Noriichtenagencë schonn am Mäerz vum russesche Finanz- an Ausseministère virgeschloe ginn. Dee respektiven Dekret gouf elo um offizielle Portal vun der Regierung publizéiert.
Lëtzebuerg ass eent vun 30 Länner, déi Russland als "onfrëndlech" astuuft a mat deenen ee lafenden Accord iwwert Duebelbesteierung soll ausgesat ginn.
En Dënschdeg huet de President Wladimir Putin déi russesch Regierung gefrot een Projet de loi auszeschaffen, deen d'Duebel-Besteierungs-Ofkommes mat 30 Länner aussetzt. Betraff si nieft den USA och Däitschland, d'Schwäiz oder Japan.
Mesure géint "onfrëndlech" Länner
Och Lëtzebuerg gehéiert dozou, huet eis de Finanzministère confirméiert.
Begrënnt gëtt dee Schratt doduerch, datt déi Länner géint déi Zitat "legitim ekonomesch an aner Interête vun der Russescher Federatioun" verstoussen. De President Putin huet d'Regierung opgefuerdert, en respektive Projet de Loi auszeschaffen an dem Parlament virzeleeën.
Duerch déi Mesure géifen d'Accorde mat 30 Länner bis op Weideres ausgesat.
Finanzministère: Schwéier Konsequenzen anzeschätzen
Dat gëllt och fir deen, dee Lëtzebuerg mat Russland ënnerschriwwen huet, an dee wéi all déi aner als Zil hat, ze evitéieren datt Persounen oder Entreprisen duebel besteiert ginn.
Gëtt deen ausgesat, kéint an Zukunft eng steierflichteg Persoun, déi souwuel zu Lëtzebuerg ewéi och a Russland aktiv ass, net méi dovu profitéieren, heescht et aus dem Finanzministère. Et wier schwéier anzeschätzen, wat dat konkret am eenzele Fall bedeit.
Vu datt de Krich mat der Ukrain awer scho bal annerhalleft Joer am gaangen ass, wier dovun auszegoen dat déi Lëtzebuerger, déi betraff sinn, hir Aktivitéite schonn ugepasst hunn, an d'Auswierkungen deementspriechend, iwwersiichtlech wieren, heescht et vum Finanzministère.