Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Durand Jones & The Indications - Witchoo

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Russland-Enquête: Ëmmer méi no um Donald Trump

USA

Russland-Enquête: Ëmmer méi no um Donald Trump

Zënter dem éischten Dag vun der Presidence vum Donald Trump gëtt iwwer seng Liene mat der Russescher Regierung enquêtéiert. An där Enquête ass de fréieren nationale Sécherheetsberoder Michael Flynn elo e wichtege Bestanddeel. Hie kéint den Trump a Gefor bréngen. Wann den US-President et net selwer via Twitter mécht.

auto_stories

2 min

Foto: picture alliance / Shawn Thew/Consolidated News Photos

Kee kann den Donald Trump dovun ofhalen, seng Meenung op Twitter mat Millioune Leit ze deelen. Och e Sonndeg de Moie goufen aus der Residenz um zweete Stack vum Wäissen Haus nees presidentiell Messagen uechtert d'Welt geschéckt. Den FBI gouf kritiséiert, an natierlech d'Hillary Clinton. Och nach iwwert ee Joer no de Wahlen.

An deene Messagë war eppes verstoppt, wat dem Donald Trump kéint wéidoen. Den US-President dementéiert, de fréieren FBI-Chef James Comey gefrot ze hunn, d'Enquête géint säi fréieren nationale Sécherheetsberoder Michael Flynn ze stoppen. De Comey hat de Géigendeel behaapt.

Flynn schafft mat Enquêteuren

Elo ass et un den Enquêteuren erauszefannen, wien d'Wourecht seet. Theoretesch heescht dat, datt den Donald Trump selwer kéint gefrot ginn, virum Robert Mueller auszesoen. Dat wier logesch. De Robert Mueller ass deen anere fréiere FBI-Chef, dee soll erausfannen, ob et Zesummenaarbecht gouf, tëscht der Wahlkampf-Equipe vum Donald Trump an der russescher Regierung. Mä hie soll och erausfannen, ob den US-President probéiert huet, déi Enquête ze beaflossen.

De Michael Flynn ass elo den Haaptmann an dëser Affär. De fréieren nationale Sécherheetsberoder vum US-President huet sech schëlleg bekannt, wéinst Falschaussoen, wéi hie mam FBI geschwat hat. Méi wichteg ass, datt de Flynn elo mat den Enquêteuren zesummeschafft. Theoretesch kéint hien all eenzelt Gespréich, dat hie mam President a sengen anere Beroder hat, mat den Enquêteuren deelen.

Alles Fake News?

Dat bréngt den Donald Trump a seng wichtegst Beroder méi no un d'Enquête.

D'Demokraten hoffen, datt d'Lige vum US-President a seng Versich, d'Enquête ze beaflossen, him kéinten d'Presidence kaschten.

D'Reaktioun vum Wäissen Haus ass déi nämmlecht, wéi sou dacks: Dat sinn alles Fake News. Iergendwann wäert déi Defense net méi funktionéieren. Ganz sécher net, wann den Enquêteur Robert Mueller mat esou Aussoe konfrontéiert gëtt.