Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ "Russesch Emigrante sinn onpopulär Flüchtlingen"

EUROPAPARLAMENT

"Russesch Emigrante sinn onpopulär Flüchtlingen"

D'EU sollt russesch Krichsgéigner ophuelen, sou den Appell vu Representante vun der russescher Oppositioun am Europaparlament. An der EU géife russesch Flüchtlingen net iwwerall d'nämmlecht behandelt.

auto_stories

3 min

Zanter dem Ufank vum Russesche Krich an der Ukrain si méi wéi 1,5 Millioune Leit aus Russland geflücht. Den Dmitry Gudkov huet eng kloer Positioun dozou wéi d'Europäesch Unioun mat deenen ëmgoe soll, déi net fir de Wladimir Putin an de Krich zéie wëllen.

"Et ass besser se ze retten, an hinnen d'Méiglechkeet ze ginn, hei an Europa ze bleiwen", sou de fréiere Member vun der Duma, dee selwer schonn 2021 am Summer d'éischt an d'Ukrain an dono a Bulgarien geflücht an elo Member vum Russeschen Anti-Krichs-Kommitee ass. Fir hie gëtt et Moyenen erauszefannen, wéi eng Astellung déi Leit par rapport zum russesche Regimm hunn.

Ëffentlech Oppositiouns-Aarbecht a Russland quasi onméiglech

"Et muss eng systematesch Léisung fonnt ginn. Russesch Emigrante sinn onpopulär Flüchtlingen an der EU, si hu vill Schwieregkeeten, wéinst Visaen, , si hunn deels keng Pabeieren, dacks kënne si keng Bank-Konten opmaachen... si si blockéiert, well si Residente vun engem aggressive Land sinn."

A Russland wier den Ament Oppositiounsaarbecht sou gutt wéi net méi méiglech. Dovun ass och d'Journalistin a Mënschrechtlerin Olga Shorina iwwerzeegt.

"Et gëtt nach Protest, net a Form vun Demonstratiounen et gëtt aner Aktiounen, wéi Trakte verdeelen, Online Messagen verschécken. Et gëtt och vill Ënnerstëtzung fir Ukrainer, déi verschleeft goufen - iwwer alles dat gëtt net genuch geschwat."

Dat läit virun allem dorun, datt d'Repressioun am leschte Joer dramatesch zougeholl huet, ënnersträicht de Dmitry Gudkov.

"D'Leit gi net méi nëmmen wéinst ëffentlech Manifestatiounen fir eng laang Zäit an de Prisong gespaart. Si kënnen och just wéinst private Gespréicher oder Messagen bestrooft ginn."

Och d'Famill vun Oppositionelle géif menacéiert, et géif dovu geschwat, de Besëtz vun deenen, déi fortgaange sinn ze saiséieren, sou d'Olga Shorina.

Ëmmer méi Flüchtlingen ze erwaarden

Kuerzfristeg wier dowéinst net ze erwaarden, datt de Protest substantiell zouhëlt. Et wier éischter domat ze rechnen, datt ëmmer méi Russe vun doheem fortlafen, erkläert d'Olga Shorina. Dat wieren net onbedéngt aktiv Regimm-Kritiker, ma an éischter Linne Leit, déi net prett sinn, weider ënnert deene Konditiounen ze liewen.

"An ech denken och net, datt vill europäesch Aktivisten sech deem Niveau vu Repressioun, wéi de Putin se praktizéiert géif aussetzen, oder?"

Fir d'Olga Shorina a fir den Dmitry Gudkov steet fest, datt déi Russen a Russinnen an der EU mussen opgeholl ginn. Genee sou iwwerzeegt si si dovun, datt eng Defaite vum Wladimir Putin an der Ukrain noutwenneg ass, fir iergendwann a Russland eng Demokratie opzebauen.