Radioen

On air

Kultur um 5  |  Vu Solstice zu Solstice mam Schwäizer Alain Roche

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Russesch Attacken an e puer Evakuatiounen an der Ukrain

Ukrain-Krich

Russesch Attacken an e puer Evakuatiounen an der Ukrain

An der Ukrain soll et haut nees zu vereenzelte Wafferoue komme fir Leit aus de Stied déi am häertsten attackéiert ginn. An deene leschten Deeg hu just e puer Wafferou gehalen, déi et awer Dausende Leit erlaabt hunn aus hire katastrophale Situatioun ze flüchten.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Ukrainesch Offizieller soen elo, datt dräi Leit, dorënner ee Kand, beim Ugrëff op eng Maternité gestuerwe sinn.

Russesch Ugrëff op Zivilste ginn also weider. Besonnesch haart getraff gouf d'Spidol an der Stad Mariupol mee och aner Spideeler waren Ziler vu russeschen Attacken, esou déi ukrainesch Regierung. Beim Ugrëff zu Mariupol goufe 17 Leit verletzt, soen ukrainesch Offizieller. D'Gebaier si komplett zerstéiert.

Et gëtt gefaart, datt dës Eskalatioun eng russesch Taktik an dësem Krich wäert sinn: Ugrëff op Stied a Gebaier, déi keng taktesch Wichtegkeet hunn, Loftattacken op Ziviliste fir d'Moral an der Ukrain ze ënnerdrécken.

Änlech Taktike goufen a Syrien an an Tschetschenien benotzt, wou ganz Stied zerstéiert goufen.

35.000 Leit konnte duerch Fluchtkorridor flüchten

D'Stad Mariupol, wou op d'mannst 200.000 Leit festsetzen, ass vu Russland agekesselt. Den ukrainesche President Wolodymr Selenskyj seet, datt dräi Fluchtkorridore gëschter funktionéiert hunn.

Am Ganze solle 35.000 Leit et gepackt hu fir de russeschen Ugrëff ze entkommen.

Lokal Wafferouen an der Stad Sumy am Nordosten, un der russescher Grenz, wéi och an e puer puer de Viruerter vu Kiew hu gehalen.

Mee Accorden tëscht Russland an der Ukrain, fir Flüchtlingen e séchere Wee erauszefannen, goufe vu Russland an deene leschten Deeg net respektéiert. Moskau seet et wier déi ukrainesch Arméi, déi Fluchtkorridoren net géif erlaben.

All déi, déi aus dësen haart ëmkämpfte Stied erauskommen, flüchte weider a Richtung Westen, an an d'Ausland.