Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Rush op Formatioun iwwer medezinesche Cannabis

Gesondheetssecteur

Rush op Formatioun iwwer medezinesche Cannabis

Dokteren, déi dee medezinesche Cannabis wëlle verschreiwen, mussen am Virfeld eng Formatioun vun aacht Stonne suivéieren. Den Interessi vun den Doktere fir déi éischt Formatioun war grouss.

auto_stories

2 min

Jean-Claude Schmit (Foto: Archiv)

Déi 150 Plazen, déi d'Direktioun vun der Santé virgesinn hat, ware séier besat, seet den Dokter Jean-Claude Schmit, Direkter vun der Santé. Fir eng zweet Formatioun an e puer Wochen hätt sech och schonn eng Rei Dokteren ugemellt.

Limitéierten Zougang zum medezinesche Cannabis

De medezinesche Cannabis ass fir dräi Kategorië vu Patienten erlaabt, wann aner Therapien an Optiounen net méi gutt wierken. Dacks wieren et Persounen, déi eng schlëmm Krankheet hunn, oder déi sech an engem avancéierte Stadium vun der Krankheet befannen. "Vum therapeutesche Cannabis kënnen och Kriibspatiente profitéieren, déi chronesch Péng hunn, déi Chemotherapien net gutt verdroen an deene mat übleche Medikamenter net gehollef kenne kréien", seet de Jean-Claude Schmit. Déi drëtt Kategorie betrëfft neurologesch Krankheeten, wéi d'Sclérose en plaque, wou een dacks Muskelkrämp huet, déi immens wéi dinn, sou den Dokter Schmit.

Medezinesche Cannabis gëtt importéiert

Zu Lëtzebuerg gëtt et keng Produktioun vu Cannabis. De Grand-Duché importéiert d'Präparater fir den Ament aus Kanada. Am Laf vun dësem Joer wëllt d'Direktioun vun der Santé eng weider europäesch Ausschreiwung lancéieren, seet den Dokter Jean-Claude Schmit.

"Déi Firmen, déi am Ausland autoriséiert si Cannabis ze produzéieren, kënnen do hir Kandidatur stellen. Da musse mir kucke mat wat fir engem Produzent mir do weiderfueren. Mee den therapeutesche Cannabis muss importéiert ginn."

Patienten, déi dee medezinesche Cannabis vun hirem Dokter verschriwwe kréien, mussen an eng vun de véier Spidolsapdikten d'Medikament siche goen.