Et gëtt eng Zort Barometer, dee moosst, wei sécher et an den Europäesche Länner ass fir Leit aus der LGBTIQ+ Communautéit: den ILGA Europe Rainbow Index. An der aktueller Editioun dovun ass de Grand-Duché vun der 5. Op déi 7. Plaz gerutscht. Ee Grond dofir ass Gewalt géint schwul, lesbesch, transgender an aner queer Gruppen.
Ulafstell bei der Police soll agefouert ginn
De Laurent Boquet erkläert, datt erëm méi Leit sech bei Rosa Lëtzebuerg mellen, well se Affer dovu gi sinn.
"Dat geet effektiv vu Belästegung iwwer Iwwergëff déi physescher Natur sinn. Bis hin zu Saachen, wou Leit sech hanner Bildschiermer verstoppen an do homophob Propoën äusseren."
D'Organisatioun fuerdert dofir, datt déi nächst Regierung bei der Police eng Ulafstell spezifesch fir Opfer vu queerfeindlecher Gewalt aféiert
"Do ass eis immens wichteg, datt ee Kontaktpunkt bei der Police kreéiert gëtt, wou Leit sech sécher fillen, datt se gehéiert ginn. Datt se mat der néideger Sensibilitéit Gehéier fannen an datt se do déi Ënnerstëtzung kréien."
De Problem vun der Konversiounstherapie
E grousse Problem wier och d'Konversiounstherapie, seet de Laurent Boquet. Eng Praxis, bei der probéiert gëtt, déi sexuell Orientéierung oder Geschlechts-Identitéit vu LGBTIQ+ Persounen ze änneren oder ze ënnerdrécken. An de Nopeschlänner Frankräich an Däitschland ass d'Konversiounstherapie mëttlerweil verbueden. Zu Lëtzebuerg awer net. Et wiere bis elo hei am Land och keng sou Fäll bekannt.
Problematesch kéint et awer ginn, wei de Laurent Boquet erkläert.
"Sou datt sech d'Befierchtung bei eis bësse breet gemaach huet, datt Leit, déi dat praktizéiert hunn - déi Säit vun der Grenz wou et lo verbueden ass - elo dat zu Lëtzebuerg kënne praktizéieren, wou et keng gesetzlech Reegelung gëtt."
Eng eenzeg Instanz fir Diskriminatioun ze ënnerbannen
D'Situatioun zu Lëtzebuerg hätt sech wierklech verbessert. Mee den Ament wieren Antidiskriminatiouns-Bestëmmungen nach iwwer vill verschidde Ministère verdeelt. Rosa Lëtzebuerg fuerdert, datt dofir eng eenzeg Instanz soll geschaf ginn, déi dofir suergt all Forme vun Diskriminatioun ze ënnerbannen.
Dat ass och an engem Strategie Pabeier vun der EU fir d'LGBTIQ+ Rechter festgehalen. De Ministère de l'Egalité wéi et en aktuell gëtt, géif nämlech net duergoen, seet de Laurent Boquet.
"Deen ass eis een Dar am Aen. Well et do wierklech ëm Männlein und Weiblein geet. Dat ass eng Verstäerkung vum binäre Geschlechtersystem. Genau dat, wat mir net wëllen."
Dat binärt Geschlechterbild ofschafen?
Dat ass nämlech ee weidert Bestriewe vun der Organisatioun: D'Ofschafe vun engem binäre Geschlechterbild: also Fra a Mann. Ugefaangen domat, sech ze froen, ob a wou een d'Geschlecht vu Persoune muss uginn.
"Eis ass et wichteg ze analyséieren an engem éischte Punkt: Wéi wichteg ass et, an engem Code d'Geschlecht dran ze hunn? Mécht et Sënn? A wa jo, a wéi enge Fäll mécht et Sënn?"
Et géifen natierlech Fäll ginn, wou d'Geschlecht ee wichtege Punkt fir d'Identifizéierung vu Persoune wier, gesäit de Laurent Boqué an. Mee hie fënnt, datt villes dovunner och iwwer d'Matricule méiglech wier.
Fir Rosa Lëtzebuerg géif ee binäert Geschlechtsverständnis déi Leit ausschléissen, déi net an dës Kategorië passen.