Radioen

On air

Notturno  |  Artaban - Jeans En Cuir

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Rosa Lëtzebuerg ass zefridden iwwer den Austausch mam Bistum

Erneierung vun der Kierch

Rosa Lëtzebuerg ass zefridden iwwer den Austausch mam Bistum

Rosa Lëtzebuerg weist sech gréisstendeels zefridden iwwer den Austausch mam Bistum am Kontext vum weltwäite synodale Prozess vun der kathoulescher Kierch. D'Associatioun, déi sech hei am Land fir d'Rechter vun der LGBT-Communautéit asetzt, wier vum Bistum an de Reflexiounsprozess mat agebonne ginn an hätt sech an engem Froebou zu verschidden Theeme positionéiert. Elo misst een en Equiliber fannen, wou jidderee seng Plaz an der kathoulescher Kierch géif fannen, esou ee Spriecher vu Rosa Lëtzebuerg. Alles an allem kuckt d'LGBT-Associatioun der Welt-Synod optimistesch entgéint.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


De Lëtzebuerger Kardinol Jean-Claude Hollerich, dee vum Poopst François als Generalrapporter fir d'Welt-Synod ernannt ginn ass, schwätzt sech nämlech kloer fir eng méi oppe Kierch aus. Virun e puer Méint wier et och zu engem Treffen tëscht dem Kardinol an der LGBT-Associatioun komm, erkläert de Laurent Boquet vu Rosa Lëtzebuerg.

"Ech mengen dass e Kardinol bei eng LGBT-Associatioun kënnt fir mat hinnen den Dialog ze sichen ass näischt Alldeegleches. Dat ass eppes wat exzeptionell ass a wou mer eis och bewosst sinn, datt dat e grousst Zeeche vun der Kierch ass."

Zu Lëtzebuerg wier et immens flott méiglech sech an der Kierch ze engagéieren an ze praktizéieren, mengt de Laurent Boquet. Weltwäit gesi géif d'LGBT-Communautéit awer ëmmer nees Réckschléi erliewen. Dacks duerch Aussoe vu Bëscheef, Kardineel oder och vum Poopst selwer.

Rosa Lëtzebuerg fuerdert weider en Aarbechtsgrupp

Hei am Land hätt ee mam Kardinol Jean-Claude Hollerich en immens staarke Gespréichspartner, esou nach de Laurent Boquet. Et misst awer och am Fong vun der Kierch ukommen.

Eng Fuerderung déi net nei ass. Viru knapp zwee Joer hat d'LGBT-Associatioun an engem oppene Bréif d'Iddi vun engem Aarbechtsgrupp lancéiert fir e reegelméissegen Austausch mam Bistum ze erméiglechen. Dozou wier et awer bis ewell net komm, confirméiert de Laurent Boquet vu Rosa Lëtzebuerg.