Radioen

On air

Benny Brown Show  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Romain Schneider begréisst Petitioun fir generellen Tiers payant

Tiers payant

Romain Schneider begréisst Petitioun fir generellen Tiers payant

E System an deem d'Dokteren an net d'Patiente sech vun der Gesondheetskeess rembourséiere loossen, wier eng Vereinfachung am Gesondheetssystem, esou de Minister vun der Sécurité sociale am 100,7 Interview. D'Acteuren am Secteur si gedeelter Meenung. D'AMMD behaapt als eenzeg, datt eng Verallgemengerung vum Tiers payant een ze vill groussen administrativen Opwand wier.

auto_stories

5 min

Zënter 1984 géife parlamentaresch Froen zum Tiers payant gestallt ginn, seet de Minister vun der Sécurité sociale Romain Schneider. Hie géif eng Debatt an der Chamber op Grond vun der Petitioun 922 begréissen.

Beim Gesondheetssystem wier een am Gaangen u Vereinfachungen ze schaffen an den allgemengen Tiers payant kéint een Deel dovu sinn, esou de Minister Romain Schneider. Iwwert den Tiers payant eraus géifen awer och nach aner Elementer eng Roll spillen.

"Eng nei Nomenclature, vläicht och eng aner Dokumentatioun, vläicht och kucken, wéi d'Instrument vun der Agence e-Santé elo scho matspille kann."

Bei den Apdikten a bei de Kinéë gëtt et de System vum Tiers payant schonn. Hei géif ee gesinn, datt dat funktionéiert, esou de Minister. De Romain Schneider seet, datt et eng däitlech Verbesserung wier, wann d'Doktere mam nämmlechte System géife funktionéieren.

Doktere wiere sech

D'Doktesch- an Zänndoktesch-Associatioun AMMD gesäit dat anescht. Bei de Kinéë géif ee gesinn, datt et ze laang géif daueren, bis ee vun der Gesondheetskeess géif rembourséiert ginn, esou de President vun der AMMD Alain Schmit. D'Kinéen hätten dëst Joer zwee bis dräi Méint op hir Sue waarde missen.

De Patrick Obertin, President vun der Kinésassociatioun ALK, seet, datt dee Retard net um Tiers payant loung.

"Dat war virun allem well mir deen Ëmschwonk hate vun där aler Nomenclature op déi nei a mir hunn och eng ganz nei Kompensatioun verhandelt, déi den 1. Januar 2017 a Kraaft getrueden ass. Do hate mir effektiv e Retard krut, mä dee Retard war nach ëmmer an den Delaien, déi vum Gesetz virgeschriwwe waren."

Den Tiers payant géif et bei de Kinéen ewell zënter méi wéi zéng Joer ginn an esou wuel d'Kinéë wéi och d'Patiente wieren zefridde mat deem System, esou de Patrick Obertin.

Kënnt e Wiessel?

Fir datt en allgemengen Tiers payant System ëmgesat géif ginn, misst eng Konventioun tëschent der CNS an der AMMD ënnerschriwwe ginn. De Minister vun der Sécurité sociale Romain Schneider weess net, op et an dëser Legislaturperiod nach zu enger Verännerung komme kéint.

De Carlos Pereira, OGBL-Gewerkschaftler a Member vum Comité directeur vun der CNS bedauert, datt d'Doktere sech zënter Jore géint den Tiers payant wieren. Als Member vum Comité directeur hätt hien d'Gefill, datt bei der CNS de Wëllen do wier fir den Tiers payant ze verallgemengeren. Dat géif d'Prozedure vereinfachen a méi séier maachen.

Leit hëllefen, déi Suen net virstrecke kennen

Een Argument fir en allgemengen Tiers payant System ass, datt en deene Leit hëlleft, déi Problemer hunn, d'Sue beim Dokter virzestrecken. Zënter 2013 gëtt et fir dës Leit d'Optioun vum Tiers payant social. Dem Robert Urbé vun der Caritas no kéinten awer och Leit, déi net d'Méiglechkeet hu vum Tiers payant social ze profitéieren, Schwieregkeeten hu fir ze bezuelen, zum Beispill wann an enger Famill méi Membere krank wieren.

"Den Tiers payant social spillt jo nëmmen ënnert bestëmmte Bedingungen. Deen ass un d'Autorisatioun vum Office social geknäppt. Dee spillt net fir jiddereen, deen tatsächlech e Problem huet."

De Ministère vun der Sécurité sociale géif mat Organisatiounen um Terrain zesummeschaffen, fir dëse System ze verbesseren, esou de Romain Schneider. Eng Hürd, déi awer egal wéi géif bei deem System bleiwe wier, datt eng Demande agereecht muss ginn, ier een den Tiers payant social kritt. Dowéinst wier e generelle System fir all déi Betraffen déi méi einfach Léisung.

D'AMMD zweiwelt dorun, datt vill Leit am Fall wieren, datt si d'Suen net virstrecke kennen an dowéinst eventuell souguer decidéieren, net bei den Dokter ze goen. De President vun der AMMD Alain Schmit seet, a senger Erfarung als Dokter hätt hien nach ni de Fall gehat, dat ee Patient net virstrecke konnt.

"Déi allermeeschte Leit hei am Land, dat kennt dir jo awer net aneschters soen, kenne jo awer net deklaréieren, datt si an enger Situatioun sinn, an där si d'Enner net beienee kréien."

Am Plaz den Tiers payant System ze generaliséieren, misst een den Tiers payant social System verbesseren an den Undeel, deen d'Leit selwer bezuelen no Akommes staffelen, seet den Alain Schmit vun der AMMD. Fir de Minister vun der Sécurité sociale Romain Schneider ass dat keng optimal Léisung.

"Alles wat ee mécht, wou ee mat Parametere schafft, respektiv iwwert Kategorië schafft, ass natierlech ni eng Vereinfachung."

Et wier een dann erëm an der Situatioun, datt ee misst kucken, wie betraff ass a wien net. Dat wier näischt aneschters wéi den Tiers payant social.

D'ëffentlech Petitioun Nummer 922 ass a manner wéi enger Woch iwwert 4.500 mol ënnerschriwwe ginn a wäert mat grousser Wahrscheinlechkeet ëffentlech an der Chamber debattéiert ginn.

Petitioun fir generellen Tiers payantplay_arrow

Romain Schneider begréisst Petitiounplay_arrow

Kinéen zefridde mam Tiers payantplay_arrow