Radioen

On air

Tockcity  |  Jack Harlow - Hello Miss Johnson

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Rom Helbach: De Vëlo an de Fotoapparat

Sot emol

Rom Helbach: De Vëlo an de Fotoapparat

"Letz Walk Bike and Run", "Letz Bike" an elo "Bike and Rail" sinn dräi Bicher, an deenen de Rom Helbach seng zwou Passioune matenee verbënnt, an zwar Vëlo fueren a fotograféieren.

auto_stories

3 min

Am leschte Buch "Bike and Rail" weist de Rom Helbach am Wuert a virun allem och am Bild nach eng Dimensioun, wat een alles mam Vëlo kann erliewen. Nämlech mam Zuch fueren, de Vëlo mathuelen an dann erausklammen an een Tour mam Vëlo maachen. An intressant ass och, datt een d'Land mam Zuch aus enger ganz anerer Perspektiv gesäit.

"Ah total! Wann ee bis am Zuch sëtzt mengt ee wierklech, et wier ee ganz anzwousch anescht. Et mengt een net, datt een zu Lëtzebuerg wier."

Ee Cyclist, dee fotograféiert - oder ee Fotograf, dee Vëlo fiert

Et ass beim Roll Helbach ganz kloer, datt Passioun vum Vëlo als éischt do war. Schonn als Kand ass hie Vëlo gefuer a besonnesch och säi Papp war en Vëlosadepp, dee sech ganz staark fir d'Profien am Cyclissem intresséiert huet.

"Usech hunn ech Fussball gespillt a si Vëlo gefuer, wéi d'Kanner dann esou sinn. An dono ass et schwiereg ginn, well déi zwou Saachen hu mir Spaass gemaach, hunn awer gemierkt, datt de Vëlo méi Spaass gemaach huet. Well een do méi wäit komm ass, et war méi Ofwiesslung dran, konnt een zu all Moment egal wou hinner fueren. Et war e gewëssent Gefill vu Fräiheet do derbäi."

Méi spéit koum dunn d'Fotografie derbäi

De Rom Helbach huet säi Papp gesi wann dee fotograféiert huet oder och deemools scho gefilmt huet. Hie wosst also scho ganz fréi, op wat et beim Fotograféieren ukënnt. Mat zwanzeg Joer huet hien dunn och ugefaangen, Biller ze schéissen.

"Déi éischt Amerikarees, do hunn ech geduecht , du kanns jo net esou wäit goen, ouni dass de dono e puer Fotoen hues. A vun do u war ech am Fong infizéiert."

"De Sport an d'Fotografie hu mech tentéiert"

Vun do un hat de Rom Helbach och ëmmer de Fotoapparat derbäi, an de Vakanzen. Mee well de Sport hien och ëmmer gereizt huet, war et kloer, fir an deem Domaine Biller ze maachen. A virun allem alles, wat méi séier gaangen ass. Esou koum hien och bei Fotografie am Cyclissem. An net ze vergiessen, haut denke mir un digital Fotografie, mee deemools huet de Rom Helbach nach analog geschafft.

"Also deemools war dat nach een Handwierk. Ech sinn och der Meenung, datt et och haut nach een Handwierk ass, mee haut och mat der artifizieller Intelligenz déi derbäi kënnt. Mat all Handy ass et scho bal schwéier eng Foto net ze reusséieren."

Op alle Fall sinn déi zwou Passiounen dem Rom Helbach bis haut bliwwen a seng Bicher sinn eng ganz flott Méiglechkeet fir eis Land op eng aner Manéier kennen ze léieren, wéi eben och déi lescht Publikatioun "Bike and Rail".