Et géif keen neit Element ginn, firwat dëse Budget net kéint respektéiert ginn. De Moment leeft d'Soumissiouns-Prozedur. Am Fréijoer 2019 sollen déi grouss Aarbechten um Fluchhafen ufänken. An zwee bis dräi Joer soll d'Renovéierung an d'Moderniséierung vun de Pisten ofgeschloss sinn. Donieft ginn d'Beliichtung an de Marquage nei gemaach.
Soulaang d'Fluchbetribsflächen um Findel net komplett erneiert sinn, kéinte Problemer wéi deen e Samschdeg natierlech ëmmer erëm virkommen, seet den Direkter vun der Stroossebauverwaltung.
E Schued um Belag vun der Pist um Findel op enger Längt vu 65 Meter war d'Ursaach, firwat de leschte Samschdeg e puer Stonne laang keng Fligeren um Fluchhafe konnte landen, esou den Direkter vu Ponts & Chaussées. De Belag wier Wieder-bedéngt, wéinst dem Frascht lassgaangen, huet de Roland Fox explizéiert. Stécker vun der Pist hätte riskéiert lasszegoen an duerch d'Luucht ze fléien. Een Entrepreneur hätt dës Fläch bannent e puer Stonne reparéiert.
De Roland Fox ass zënter dem 1. Mee 2017 Direkter vu Ponts & Chaussées. D'Verwaltung beschäftegt bal 1.200 Leit Personal.