Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Roberto Traversini wëllt Gaardenhaischen nees ofrappe loossen

Affär Roberto Traversini

Roberto Traversini wëllt Gaardenhaischen nees ofrappe loossen

Wéinst engem Gaardenhaischen, dat den Déifferdenger Ex-Buergermeeschter ouni déi néideg Autorisatioune renovéiere gelooss huet, ass de Roberto Traversini (déi gréng) ëffentlech ënner Drock geroden. An Tëschenzäit leeft wéinst méi presuméierte Gesetzesverstéiss eng juristesch Enquête. Elo wëllt de gréngen Deputéierten d'Gaardenhaischen 100,7-Informatiounen no zerstéiere loossen.

auto_stories

1 min

Wéi mir dat vun enger gutt informéierter Source confirméiert kruten, huet de Roberto Traversini virun e puer Deeg eng Demande agereecht, fir d'Gaardenhaischen ofrappen ze loossen. Wéi ee Suivi déi Demande kritt, an ob et de verschiddene Gesetzer no méiglech ass, d'Haischen einfach esou ofrappen ze loossen, ass nach onkloer. De Roberto Traversini war net fir eng Stellungnam ze erreechen.

D'Gaardenhaischen an der Zone verte, an engem Natura 2000-Gebitt an am Naturreservat Prënzebierg ass dem Roberto Traversini zum Verhängnes ginn. Nodeems hien e Bungalow mam Gaardenhaische geierft hat, hat hien ugefaangen d'Haischen ze renovéieren. Mat enger neier Fassad, engem neien Daach, véier Fënsteren an enger Isolatioun am Buedem. De Problem: De Roberto Traversini hat näischt vun all deem ugefrot. Wat en awer an d'Weeër geleet hat, war de Reklassement vun engem Deel vum Terrain (den Deel mam Bungalow) als Bauland.

Nodeems d'Oppositioun aus dem Déifferdenger Gemengerot Alarm geschloen huet, huet de Roberto Traversini sech missen ëffentlech erklären. Hien huet missen zouginn, datt en Aarbechte maache gelooss huet, fir déi e keng Autorisatiounen hat (a wahrscheinlech och net ka kréien), datt hie Gemengeservicer fir sech schaffe gelooss huet, an datt de Vott vum neie PAG (an deem säin Terrain sollt ëmklasséiert ginn) widderholl gëtt.