Radioen

On air

Notturno  |  William LX - Carmelo

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Roberto Traversini demissionéiert als Buergermeeschter

Affär Traversini

Roberto Traversini demissionéiert als Buergermeeschter

De Roberto Traversini trëtt als Buergermeeschter vun Déifferdeng zeréck. Hien zitt domat Konsequenzen no den Uschëllegunge géint seng Persoun.

auto_stories

4 min

De Roberto Traversini huet haut virun der Press an der Déifferdenger Gemeng confirméiert, datt hien mat Effet vun e Méindeg un als Buergermeeschter zerécktrëtt, sou wéi de radio 100,7 dat scho gëschter Owend gemellt hat. "Ech sinn zur Iwwerzeegung komm datt ech de Méindeg als Buergermeeschter zrécktrieden", esou de Roberto Traversini virun der Press. Politiker hätten eng Virbildfunktioun an dofir géif hie politesch Konsequenzen zéien.


De ganze Statement vum Roberto Traversini lauschterenplay_arrow


"Ech wëll och dozou bäidroen, datt nees Rou an d'Gemeng kënnt", esou de Roberto Traversini an enger kuerzer emotionaler Deklaratioun. Déi gréng-schwaarz Koalitioun zu Déifferdeng hätt an der Vergaangenheet vill ëmgesat an hie géif sech wënschen, datt dat virugeet. Déi lokal CSV hat eis scho gëschter gesot, wann de Buergermeeschter géif demissionéieren, wier doduerch d'Koalitioun net a Gefor.

Déifferdeng huet deemno momentan kee Buergermeeschter. De Schäfferot muss zesummekommen, fir op Propositioun vun déi gréng en neie Buergermeeschter ze bestëmmen. Hei wier een awer net ënner Zäitdrock, seet de grénge Gemengeconseiller Fränz Schwachtgen.

Fir de grénge Gememgeconseiller Fränz Schwachtgen gëtt et keen Zäitdrock

Et géif ee sech an den nächsten Deeg beroden, wien den nächste Buergermeeschter wäert ginn. D'Demissioun misst als éischt duerch de Regierungsrot goen a géif da beim Grand-Duc landen. "Mir mussen e Méindeg nach net soen, wie mir wëllen als neie Buergermeeschter dohi setzen. Do hu mir e bëssen Zäit."


D'Reaktioun vum Fränz Schwachtgen lauschterenplay_arrow


Chambermandat steet momentan "net a Fro"

Dem Roberto Traversini säi Mandat als Deputéierte géif net a Fro stoen, seet hirersäits déi gréng Fraktiounscheffin Josée Lorsché. Hien hätt sech als Deputéierten "näischt zu Schold komme gelooss" a wier ee "faire Mataarbechter". Et wier dem Roberto Traversini iwwerlooss, fir - wann hien dat wéilt - och als Deputéierten zeréck ze trieden.

De grénge Co Parteipresident Christian Kmiotek seet an enger éischter Reaktioun, datt de Roberto Traversini déi Feeler an der Gemeng Déifferdeng gemaach huet an dofir géif gerued stoen. "Hien huet menges Wëssens no keng Feeler gemaach als Deputéierten", esou de Christian Kmiotek. Säi Mandat als Deputéierten kéint de Roberto Traversini awer behalen an et wier net esou, "datt hien e Beruffsverbuet muss kréien, ier d'Geriichter geschwat hunn."


D'Reaktioun vum Christian Kmiotek lauschterenplay_arrow


Aner Reaktiounen

Op Twitter goufen et Reaktioune zur Decisioun vum Roberto Traversini. Den LSAP-Deputéierten Alex Bodry respektéiert déi Decisioun:

Och den Deputéierte vun der Piratepartei, Marc Goergen, respektéiert de Choix, deen hien allerdéngs "ze hefteg" fënnt:

Roberto Traversini: "Dat war net dat Gescheitst"

En Donneschdeg war de Roberto Traversini eisen Invité vum Dag, wou hie hie Feeler zouginn a gesot huet, hie misst sech a seng Famill schounen. Dowéinst géif hie "geschwënn eng Decisioun huelen". Hien huet gëschter schonn net ausgeschloss, datt hie vun engem politesche Mandat kéint zerécktrieden.

Dem Roberto Traversini gëtt virgeheit, Aarbechten ouni déi néideg Autorisatioune maachen a Gemengeservicer fir privat Zwecker schaffe gelooss ze hunn. Ënner anerem soll e Stagiaire eng Levée vun engem Haus, dat de Roberto Traversini geierft huet, a vun engem Privathaus, gemaacht hunn. Ausserdeem soll d'Beschäftegungsinitiativ CIGL Aarbechte fir de Roberto Traversini gemaach hunn, obwuel si dofir net berechtegt sinn.

Wéi eng Suitten?

De Parquet gouf vum DP-Politiker François Meisch doriwwer informéiert. De Roberto Traversini muss deemno mat juristesch Suitte rechnen. Bis ewell koum nach keng Kommunikatioun vum Parquet.

De Roberto Traversini war vun 2014 bis 2019 Buergermeeschter vun Déifferdeng, der drëttgréisster Stad am Land a President vum CIGL Déifferdeng. Zanter 2013 ass de Roberto Traversini Deputéierten an der Chamber, wou hie fir de Félix Braz nogeréckelt ass.