Ofgas-Skandal Kompensatiounsfong investéiert net méi a VW

De Lëtzebuerger Pensiounsfong hat zwou Milliounen Euro a VW-Aktien investéiert a 25 Milliounen a VW-Obligatiounen. Well Volkswagen am November 2016 zouginn hat, géint Konventiounen an den USA verstouss ze hunn, koum den däitsche Konzern op déi schwaarz Lëscht vum Lëtzebuerger Kompensatiounsfong, esou de President Robert Kieffer am 100,7-Interview.

Serge Kesseler, md

VW
Foto: Bigstock/boggy

Wéinst "Violatioune vun Ëmwelt-Normen" duerch VW huet de Fong, deen déi Lëtzebuerger Pensiouns-Reservë geréiert, decidéiert, net méi a VW z'investéieren: dat hat d'Financial Times gëschter um Sonndeg online gemellt. Wéinst dem Diesel-Skandal wier Volkswagen op déi schwaarz Lëscht komm.

De Kompensatiounfong investéiert zënter 2011 no sozial responsabele Critèren. Déi schwedesch Berodungs-Enterprise GES analyséiert zwee Mol d'Joer d'Lëscht vun den Investissementer. Gekuckt gëtt, ob d'Entreprisen, an déi investéiert gëtt, géint Konventioune verstoussen, esou de President vum Kompensatiounsfong Robert Kieffer. Bis elo hätt een eng 60 Firmaen "eliminéiert".

Firwat ass VW op der schwaarzer Lëscht?

GES no hätt Volkswagen an den USA géint sechs Accorden oder Konventioune verstouss. "Dee Moment ass et normal, datt déi op déi schwaarz Lëscht gestallt ginn", sou de Robert Kieffer. Dofir hätt een decidéiert, net méi a Volkswagen z'investéieren.

Op der schwaarzer Lëscht vun Entreprisen, an déi de Kompensatiounsfong net méi investéiert, sti fir de Moment 69 Entreprisen. Wat misst geschéie, fir datt erëm géif a Volkswagen investéiert ginn? VW misst hir Politik änneren a konform gi mat der Konzentratioun vun CO2 a Stéckoxiden, sou de President vum Kompensatiounsfong. "An dat och anhalen, an net Fraude maachen, wat se bis elo manifestement gemaach hunn".

Vun de Gesamtreservë vum Pensiounsfong vu ronn 16,5 Milliarden € (Stand Enn 2015) gi 14,3 Milliarden € weltwäit an Aktien an Obligatiounen investéiert. De Kompensatiounsfong huet de Moment Aktie vu ronn 2.500 Entreprisen. Dat grousst Zil vun den Investissementer ass et, fir d'Rentereserven z'erhalen. De Rendement misst méi héich sinn, wéi den Inflatioun-Taux plus den Ajustement-Taux vun de Pensiounen, esou de Robert Kieffer. Vun 2007 bis 2015 wieren an der Moyenne iwwer 5% Rendement pro Joer erreecht ginn.

VW Kompensatiounsfong

Méi zum Thema

Ofgaser
Dieselgate

Virun engem Joer gouf de VW-Ofgasskandal opgedeckt, mee och aner Hiersteller hu gefuddelt. D'EU-Kommissioun géif d'Enquêtë bewosst blockéieren, seet den EU-Deputéierte Claude Turmes.

Michel Cames
Ëmwelt

Den Niveau vum kriibsereegende Stéckstoff an der Loft ass permanent ze héich. Dem Michel Cames no, ass déi läscht 20 Joeren an der EU just op Diesel gesat ginn.

Programm

  • The Benny Brown Show

  • On air

    Notturno

  • Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

Net verpassen

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen