Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Aktivatioun ass d'Zil, net den éischten Aarbechtsmarché"

RMG-REFORM

"D'Aktivatioun ass d'Zil, net den éischten Aarbechtsmarché"

D'Pläng fir den RMG ze reforméieren gesi vir, datt d'Bezéier verstäerkt aktivéiert ginn, zum Beispill fir schaffen ze goen. A "Riicht eraus" gouf dee Prinzip awer op verschidde Manéieren bezweiwelt.

auto_stories

6 min

Jiddereen, egal wou en drun ass, soll erëm kënne gesellschaftlech agebonne gi mat der Reform vum RMG. Dat seet déi zoustänneg Ministesch Corinne Cahen. Dowéinst soll et och eng méi kloer Aarbechtsopdeelung tëscht der Adem an de Servicer vum Familljeministère ginn, zum Beispill dem zukünftegen Office National de l'Inclusion Sociale (ONIS). "Fir datt d'Leit kloer wëssen, ob si an enger sozialer Mesure sinn a vu Psychologen oder Sozialaarbechter betreit ginn, oder ob si an enger Aarbechtsmesure sinn, fir iergendwann op den éischten Aarbechtsmarché integréiert kënnen ze ginn".

D’Kärstéck vun der RMG-Reform ass de Motto "Schaffe soll sech lounen”, verbonne mat enger méi staarker Aktivatiounspolitik. An där Logik kann zum Beispill eng Koppel op ronn 1.200 Euro de Mount méi Revenu kommen, wa béid Partner eng Mesure suivéieren - dat heescht, sech eng Aarbecht sichen, oder eng Therapie maachen. Bis elo konnt an enger Koppel just een an enger Mesure sinn. Domat kënnt déi Koppel dann am Ganzen op ronn 4.000 Euro de Mount - also däitlech méi, wéi aktuell mam RMG.

"Realistesch bleiwen"

Ob déi sozial Integratioun, a virun allem déi op den éischten Aarbechtsmaart awer och fir Jidderee ka Realitéit ginn, bezweifelt de Charel Schmit, President vu Caritas Accueil et Solidarité. "Mir encadréiere Leit, déi ganz schwéier ze aktivéiere sinn, do muss ee realistesch bleiwen", sou de Charel Schmit. Dee Realismus wier wichteg, fir net ze mengen, datt et "just duer geet, Mesuren ëmzebenennen a méi Drock ze maachen".

Dacks hunn d'Beneficiairë vu Mesurë vu sengem Service kee feste Wunnsëtz, kommen aus dem Prisong oder aus Therapien. "Dat si staark fragiliséiert an destrukturéiert Populatiounen, verschiddener hu psychiatresch Problemer. Dofir ass et bei ville Leit schwéier se sou z'aktivéieren, datt se alleguer op den éischten Aarbechtsmarché kommen", sou de Charel Schmit.

Et kéint een zwar am Sozialwiese jiddereen opfänken, mee net jidderee kéint um éischten Aarbechtsmarché mathalen. "Dofir ginn et awer genuch Manéieren, wéi dës Populatioun eng sënnvoll Aarbecht ka maachen". Caritas Accueil et Solidarité encadréiert esou Betraffener am Wäschbur zu Éilereng, enger Wäscherei an där ganz ënnerschiddlech Persounen eng Beschäftegung fannen.

Si genuch Aarbechtsplazen do?

Den CSV-Deputéierten a fréiere Familljeminister Marc Spautz deelt d'Aschätzung vum Charel Schmit. Zil misst et zwar eigentlech sinn, déi Betraffen aus prekäre Situatiounen erauszehuelen, fir se op den éischten Aarbechtsmarché ze bréngen. "Mir mussen awer och déi Plazen, déi mer an Aussicht stellen, um Aarbechtsmaart hunn. Ech hoffen, datt den Aarbechtsminister seet, déi Aarbechte wieren do, well soss kënnt Frust bei de Leit op", sou de Marc Spautz. Mam "politesche Wëllen" hannert der Reform vun der DP-Ministesch ass hien awer "honnertprozenteg averstanen".

D'Ministesch äntwert dorop, datt et net d'Haaptzil wier, jiddereen op den éischten Aarbechtsmarché ze bréngen. "De But ass d'Aktivatioun: eng Kur maachen, Sproochecoursen, oder Travaux d'intérêt public, dat ka villes sinn". Wichteg wier awer eben eng kloer Opdeelung vun de Kompetenzen tëscht Familljen- an Aarbechtsministère.

De Familljeministère géif an Zukunft net méi bei de Betriber all d'Käschten iwwerhuelen, wann RMG-Bezéier, zum Beispill, ee Stage do maachen. Am aktuelle System ginn an esou engem Fall 100 Prozent vun de Käschten iwwerholl. "Dat heescht, d'Entreprisen huelen de Moment léiwer déi Persounen, déi vum Familljeministère kommen, wéi déi, déi vun der Adem kommen, well do kritt ee keng 100 Prozent zréck", sou d'Ministesch Corinne Cahen. Aarbechtsmesurë sollen an Zukunft just nach iwwer d'Adem lafen, wou manner qualifizéiert Persounen dann och eng Formatioun kënne kréien.

Aktivatioun an de Risiko vun der Stigmatisatioun

D'Iddi vun der Aktivatioun ass net nei. Et gëtt se zanter de 1990er an de Sozialpolitiken an Europa. D'Statec-Mataarbechterin Anne Franziskus ass an der Diskussioun op déi kritesch Stëmmen dozou agaangen, déi virun allem an der franséischer soziologescher Literatur ze fanne sinn. "Do gëtt gesot, datt d'Responsabilitéit dem Eenzele selwer méi iwwerdroe gëtt, an datt dobäi vläicht iwwersi gëtt, datt verschidde Leit net fir hir Situatioun kënnen. An datt een de Risiko ka schafen, datt Leit, déi net an den éischten Aarbechtsmaart kënnen integréiert ginn, nach méi stigmatiséiert ginn", esou d'Fuerscherin.

Si huet fir de Statec d'Etude mam Titel "Quels besoins pour une vie décente?" ausgeschafft. Doraus geet ervir, datt ee Mann, deen eleng wunnt, 1.923 Euro brauch, fir dezent kënnen zu Lëtzebuerg ze liewen, an also och gesellschaftlech kënnen ze participéieren. Fir hir Etude huet d'Anne Franziskus sech op international Recommandatioune baséiert, op déi Lëtzebuerger Gesetzgebung an op Gespréicher mat Experten. Doriwwer eraus goufe Gruppendiskussioune mat Leit aus verschidde soziale Schichten organiséiert, bei deenen et méi konkret ëm de Volet vun der sozialer Participatioun gaangen ass.

Eng Vakanz muss kënnen am Budget sinn

Ee Beispill doraus war d'Diskussioun doriwwer, ob et Deel vun engem dezente Liewen ass, sech eng Vakanz kënnen ze leeschten. "Verschidde Leit hu gesot, datt et och géif duergoen, fir Vakanz zu Lëtzebuerg ze maachen. Mee de Gros war der Meenung, datt all Persoun sech et zu Lëtzebuerg misst kënne leeschten, fir eng Woch fortzegoen, och wann dat keng deier Vakanz misst sinn", esou d'Anne Franziskus.

Datt de Logement déi gréisste Belaaschtung fir d'Stéit zu Lëtzebuerg ass, ass eng weider Konklusioun an der Etude. Bei enger Koppel ouni Kanner beleeft dee Posten sech dem Statec no op 50 Prozent vum Budget all Mount. Besonnesch den CSV-President Marc Spautz huet a "Riicht eraus" dee Punkt als grousse Problem ervirgestrach. "Ech weess, datt mir och net sou vill Wunnenge gebaut kritt hunn, wéi mer der hätte misste bauen. An ech weess och, datt dat de Moment nach ëmmer net geschitt", sou de Marc Spautz. Trotzdem: et misste Léisunge geschafe ginn. Datt dat mam Omnibusgesetz, dat d'nächst Woch an der Chamber gestëmmt gëtt, soll geschéien, bezweifelt hien awer. D'Familljeministesch Corinne Cahen huet ervirgestrach, datt hire Parteikolleg, de Logementsminister Marc Hansen, am Logement grouss Efforte géif maachen, fir Retarden opzehuelen.

Geet de Mindesloun duer?

De Marc Spautz huet sech iwwerdeems op Nofro hin net fir eng Erhéijung vum soziale Mindestloun ausgeschwat. Dee läit zanter dem 1. Januar bei 1.998 Euro. No Cotisatiounen déi ufalen, ass d'Differenz zum RMG net méi grouss.

"Wa mer lo géife soen, de Mindestloun wier ze déif, da muss een och wëssen, datt ee Salaire muss erwirtschaft ginn, ier e ka verdeelt ginn. A wann ee gesäit, wat d'Betriber dofir musse bezuelen, da muss ee sech och bewosst sinn, datt et net geet, fir de Mindestloun opzesetzen", sou de Marc Spautz. D'CSV hätt proposéiert, fir steierlech méi wäit ze goen, fir datt d'Mindestlounbezéier netto méi iwwreg hätten. D'Regierung hätt dee Wee awer net wëlle matgoen.