Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Rietsruck an der EU-Migratiounspolitik

EU-Sommet

Rietsruck an der EU-Migratiounspolitik

Dofir ze suergen, datt esou mann wéi méiglech Refugiéen an d'EU kommen. Dat schéngt ee vun den Haaptziler vun der europäescher Migratiounspolitik ze sinn. Et ass den Ament och deen eenzegen Objektiv, iwwer deen ee sech wierklech eens ka ginn. Dobäi hunn Iddien, déi nach virun e puer Joer fir vill Politiker tabu waren, ëmmer méi Chancen, fir Majoritéiten ze kréien. Et geet an éischter Linn drëms fir d'Baussegrenzen vun der EU besser zouzemaachen. Eng erstaunlech Reaktioun, wann een Zuele kuckt: Vun den iwwer 25 Milliounen Refugiéë weltwäit kommen der just eppes iwwer zwou an eng hallef Milliounen an der EU un.

auto_stories

5 min

De Wand an der Europäescher Migratiounspolitik huet gedréint. Dat huet sech och um Mini-Sommet gewisen, op deem sech dëse Sonndeg (24. Juni) d'Staats- a Regierungscheffen aus 16 EU-Länner gesinn hunn.

Aus éisträichescher Siicht wier ze begréissen, datt net méi Quoten an d'Verdeele vu Refugiéen am Fokus leit, mee éischter d'Protektioun vun de Baussegrenzen", huet e Méindeg eng zefridden éisträichesch Ausseministerin Karin Kneissl festgestallt.

Orban: EU soll zu enger Formatioun géint Migratioun ginn

Op dee Mini-Sommet waren déi véier osteuropäesch Visegrad-Länner net komm. Si géifen dës Reunioun boykottéieren, hat den ungaresche Premier Viktor Orban virdrun annoncéiert.

Dobäi hätt him dat Meescht, wat do beschwat gouf, méiglecherweis ganz gutt gefall. Iwwer Quoten, fir Refugiéen ëmzeverdeelen, gouf zum Beispill net geschwat. Si goufe jo kategoresch vun Ungarn refuséiert. Den europäesche System, deen 2015 agefouert gouf, fir Refugiéen aus Italien a Griichenland anzwousch anescht an der EU ënnerzebréngen, ass awer am Allgemengen ee Fiasko. Vun den uganks 150.000 goufe bannent zwee Joer knapps 35.000 Refugiéë relokaliséiert.

Zanterhier schwätzt och d'Kommissioun net méi vill vun enger Relokalisatioun vu Flüchtlingen. De Viktor Orban fënnt, d'EU sollt zu enger "Formatioun géint Migratioun" ginn.

Seng Iddie sinn an der Europäescher Vollekspartei, zu där seng Fidesz-Partei gehéiert zwar ëmstridden, fannen awer ëmmer méi Gehéier.

De Succès vun der EU-Migratiounspolitik moosst sech zum Beispill fir den däitschen CDU-Europadeputéiert Daniel Caspary dorun, datt d'Zuel vun deenen, déi an der EU ukommen, dramatesch erofgaangen ass.

"2015 sinn 1,5 Millioune Refugiéen iwwer d'Mëttelmier an Europa komm. 2017 waren et der nach 150.000, dat heescht, mir hunn d'Zuel ëm 90 Prozent reduzéiert. Dat ass dach e rise Succès!"

Den Daniel Caspary leet de Fokus op eng effektiv Protektioun vun de Baussegrenzen a wënscht sech, datt déi europäesch Unitéit Frontex, "exekutiv-Kompetenze kritt a séier personell gestäerkt gëtt". Déi geplangten 10.000 Beamte ginn net duer, seet hien, dat wieren jo och ëmgerechent pro EU-Bierger just 1,20 Euro am Joer.

Italien a Griichenland sollte net eleng gelooss ginn, seet den baden-württembergeschen Europadeputéierten. Déi Länner sollten organisatoresch gehollef kréien, fir d'Asylprozeduren séier ze verschaffen. Och an der Fro vun der Finanzéierung vun de Campen an Italien oder Griicheland sollt d'EU solidaresch sinn.

Vun enger Ëmverdeelung vu Flüchtlinge schwätzt och hien net.

Plattformen fir Refugiéen als Deel vun der Léisung

Zu där neier Definitioun vun europäescher Solidaritéit gehéiert een neit Wuert: Plattforme fir Refugiéen. Well een net vu Lager oder vu Campe schwätze wëllt, kurséiert elo dee Begrëff, en huet et och scho bis an de Brouillon fir d'Conclusioune vum nächste Sommet gepackt.

Gemengt sinn Centre fir Refugiéen, déi bannen oder der baussen der EU sollen opgemaach ginn, wou eng Zort Pre-Selektioun getraff gëtt doriwwer, wien iwwerhaapt eng Chance op Asyl huet a wien net.

Et war ënner anerem den italieneschen Inneminister Angelino Alfano, deen 2015 Asylzentren an Nordafrika opriichte wollt, fir do Refugiéen ze screenen, wéi dat deemools genannt gouf.

Deemools gouf d'Iddi verworf, haut ass se nees do, a si géif och bleiwen, sot nom Mini-Sommet e Sonndeg een héijen EU-Diplomat.

Verworf gouf um Mini-Sommet d'Iddi, datt Refugiéen, déi schonn an d'EU agereest waren a Centren baussen der EU gefouert ginn, fir si vun do aus nees heemzeschécken, dat sot gëschter d'Spriecherin vun der EU-Kommissioun, d'Natasha Bertaud. Si wier net konform mat EU-Regelen.

Asselborn: Et geet ëm d'Iwwerliewen vun der EU

Och de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn ass géint esou Campe baussent der EU. Et misst een awer, sou de Jean Asselborn, fir d'Situatioun a Libyen eng Léisung fannen zesummen mam UNHCR.

Mee och dat géif viraussetzen, datt een dono weess, wou hin een d'Refugiéen, déi e Recht op Asyl hunn, hiféiere kann. Ëm d'Ëmverdeele vu Flüchtlingen kéim een also net derlaanscht.

Fir de Jean Asselborn geet et hei allerdéngs ëm méi wéi Quoten. Et geet ëm d'Substanz vun der EU. Par rapport zur Internationaler Press huet hie sech gëschter géint eng Orbaniséierung vun der EU-Politik ausgeschwat. D'EU hätt als But, datt ee Saache zesumme besser maachen kann, wéi wann eng Natioun op sech selwer gestallt ass. Dee Geescht misst prevaluéieren, virun allem an der Migratioun, déi eng essentiell mënschlech Fro géif duerstellen. "Soss ass dat Europa, wat an de Réimesche Verträg beschriwwen ass, dout. Et geet net nëmmen ëm Schengen, et geet net nëmmen ëm Mënschlechkeet. Et geet och ëm de Fortbestand vun der Europäescher Unioun."

Een Appell vu Wéinegen an déi Richtung. De Jean Asselborn gëtt där bulgarescher Presidence mat Schold drun, datt ee sech bis elo net eens gouf an der EU-Migratiounspolitik. Si hätt d'Positioun vun de Visegrad-Länner favoriséiert, sou de Lëtzebuerger Ausseminister.

Éisträich iwwerhëlt EU-Presidence

Allerdéngs ass do vun där éisträichescher Presidence, déi elo am Juli ufänkt, net onbedéngt eppes anescht ze erwaarden. Den éisträichesche Premier Sebastian Kurz fënnt nämlech, dat et den Ablack an déi richteg Richtung geet.

Nach 2015 wier hie fir seng Iddie kritiséiert ginn, elo wiere se mehrheetsfäeg. Et wier méiglech eng europäesch Léisung fir d'Migratiounsfro ze fannen an Éisträich wielt hei Brécke bauen.

Och de Viktor Orban setzt op Éisträich. Hie géif hoffen, datt d'EU no där Presidence méi staark a méi sécher ass, sou den ungaresche Premier. Hie wäert seng Iddien op dësem EU-Sommet vertrieden. Déi, déi aner Schwéierpunkten an der EU-Politik setzen wëllen, sollte sech spéitstens do méi haart wéi bis elo manifestéieren.