De Manfred Weber huet an de leschte Woche seng Hand ganz wäit no riets ausgestreckt. No der aktiver Walkampfhëllef fir d'Rietsallianz an Italien koume widderhuelt Aussoen zur Migratiounspolitik, déi de rietsextreeme Fligel am Europaparlament mat zwou Hänn mat ënnerschreiwe géif.
Zwee Grënn fir dem Weber seng Approche
Doriwwer, wéi eng Strategie dohannert stécht, gëtt zu Bréissel vill diskutéiert. Déi éischt Erklärung ass ganz banal: D'EVP, déi just nach aacht vu 27 Staats- a Regierungscheffen an der EU stellt, soll nees méi Afloss kréien.
Deen zweete Grond ass vläicht méi perséinlech. 2019 war de Bayer, deen zanter 2004 am Europaparlament sëtzt, als Spëtzekandidat vun der EVP ugetrueden. Deen am Fong versprachene Posten un der Spëtzt vun der Kommissioun gouf him duerno awer vun der Parteikolleegin Ursula von der Leyen virun der Nues ewech geschnaapt.
Dat schéngt nach déif ze setzen.
Stëmmung géint von der Leyen maachen
D'Ursula von der Leyen wier nämlech fir déi nächst Walen esou eppes wéi déi predestinéiert Spëtzekandidatin vun der EVP. Ausgerechent där hire Chef, de Manfred Weber, stellt sech awer alles anescht wéi hanner si. Viru Kuerzem huet hien d'Parlamentspresidentin Roberta Metsola als genee esou qualifizéiert Kandidatin an d'Spill bruecht.
Den CSU-Politiker baut op déi Parteikolleegen, deenen d'Ursula von der Leyen ënner anerem wéinst hirer Klimapolitik als ze lénksliberal oder esou guer als ze gréng gëllt a mécht politesch Stëmmung géint d'Kommissiounscheffin.
Ee Beispill war ee Vott virun zwou Wochen am Europaparlament, dee vu verschiddenen als Kampf-Ofstëmmung vum Manfred Weber bezeechent gouf. Et goung ëm Mesurë fir méi Kompetitivitéit fir d'europäesch Industrie, déi am Fong deem entsprach hunn, wat d'Kommissioun ënner der Ursula von der Leyen proposéiert hat. Am Contraire zu de Sozialisten, de Liberalen an deene Gréngen huet do awer ausgerechent de Gros vun der EVP dogéint gestëmmt.
Migratiounspolitik gëtt net oppe kritiséiert
Mat dobäi och déi zwee CSV-Europadeputéiert Christophe Hansen an d'Isabel Wiseler-Lima, déi bis elo de Kurs vum Manfred Weber méi oder manner matzedroe schéngen. Dem Weber säi Plang, déi rietsextreem Fratelli d'Italia vun der Giorgia Meloni méi no un d'EVP ze bannen, goung dem Christophe Hansen allerdéngs ze wäit. Esou eng Allianz wier eng rout Linn, sot dozou den CSV-Europadeputéierten der dpa.
Dee neien Toun an der Migratiounspolitik awer gëtt net oppe kritiséiert. Déi konkret Fro, ob d'EU soll, wéi de Manfred Weber dat fuerdert, Grenzmauere finanzéieren, huet d'Isabel Wiseler-Lima an eisem Interview net mat Nee beäntwert. Gläichzäiteg betount si, d'CSV wier an der EVP an der Mëtt. Wéi wäit ee prett ass, sech hanner d'Strategie vum Manfred Weber ze stellen, schéngt nach net kloer.