Zu Lëtzebuerg wieren 90 Prozent vun de Jugendleche géint Riedele geimpft, esou d'Direktioun vun der Santé. Dowéinst bezweiwelt de Spezialist fir ustiechend Krankheeten och, datt elo scho konkret iwwert eng Impfflicht geschwat wäert ginn.
Wann et zu Lëtzebuerg honnerte Fäll vu Riedele géif ginn, wéi dat aktuell a Frankräich de Fall ass "wier dat eng aner Diskussioun", seet de Jean-Claude Schmit. Wann een déi Fäll, déi em momentan zu Lëtzebuerg gëtt géif ënner Kontroll kréien, an de Virus sech net weider géif verbreeden, misst ee wahrscheinlech och net an d'Richtung vun enger Impfflicht goen.
Impftaux vu 95 Prozent ass néideg fir Risiken ze miniméieren
Den Jean-Claude Schmit begréisst generell eng Diskussioun iwwer d'Impfflicht, zweiwelt awer staark un dem Erfolleg an der Konsequenz vun der Mesure. A Frankräich wiere schonn eng Rei falsch Certificaten opgedaucht, "dat heescht, et sinn awer Leit déi fuddelen".
Mat 90 Prozent korrekt geimpfte Jugendleche wier d'Impfmiddegkeet zu Lëtzebuerg manner staark verbreet wei an aneren Nopeschlänner. Et wier awer en Taux vu ronn 95 Prozent néideg, fir de Risiko vun engem Ausbroch genuch ze reduzéieren.
De Panorama-Bäitrag vum Léo Kirsch: