De 65 Joer ale Jean-Claude Juncker steet fir bezuelte Rieden an de Beräicher Politik a Wirtschaft zur Verfügung, steet op der Internetsäit vum London Speaker Bureau Germany ze liesen.
Den CSV-Politiker a fréiere Lëtzebuerger Premier hat dës Aktivitéit schonn Enn 2013 an 2014, éier hie Kommissiounspresident gi war. De Jean-Claude Juncker hat seng Aktivitéit als Orateur beim London Speaker Bureau deemools a senger Déclaration des intérêts bei der Chamber uginn.
Ënner deenen anere Riedner, déi bei der Agence London Speaker Bureau Germany kënne gebucht ginn, sinn z. B. d'CSV-Deputéiert Viviane Reding, de Michail Gorbatschow, de François Hollande, de Joschka Fischer an den Jeremy Rifkin.