Radioen

On air

Benny Brown Show  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Richtungssträit oder verschidde Stréimunge bei der ADR?

Politik

Richtungssträit oder verschidde Stréimunge bei der ADR?

Wéi e Message riicht den ADR-President den Owend un d'Parteimemberen, nodeems neie parteiinterne Sträit ëffentlech gi war an et zu Demissioune koum? Déi Alternativ Demokratesch Reformpartei huet haut Donneschdeg hiren Neijoerschempfank. Den ADR-Parteipresident hat am Dezember kritiséiert, datt déi deemoleg Partei-Vize-Presidentin Sylvie Mischel mat hirem vill diskutéierte Facebook-Post eng Grenz iwwerschratt hätt.

auto_stories

3 min

Foto Wikimedia Commons

Der Sylvie Mischel hire Partner, de fréieren ADR-President Fernand Kartheiser hat no de Reaktioune vum Jean Schoos a vum Generalsekretär Alex Penning personell Konsequenze gefuerdert. Zanterhier geet erëm verstäerkt vun engem Richtungssträit bei der ADR rieds.

Den ADR-Generalsekretär wëllt awer net vun engem Sträit iwwer d'Ausriichtung vu senger Partei schwätzen. Dem Alex Penning no géifen et bei der ADR - wéi bei all Partei - verschidde Stréimunge ginn. Fir d'Sylvie Mischel an de Fernand Kartheiser wieren d'Asylpolitik an d'Immigratioun immens wichteg. Och hie selwer géif déi Sujete wichteg fannen, mee "si hunn awer net déi Wichtegkeet, déi se fir déi zwou Persounen hunn. Mir hunn hei am Land ganz aner Problemer".

D'Fro, wéi vill Ënnerstëtzung d'Sylvie Mischel an de Fernand Kartheiser bei den ADR-Partei-Memberen hunn, konnt den ADR-Generalsekretär net beäntwerten. D'Fro, ob déi zwee Politiker amgaang wieren, d'Partei ze splécken, huet den Alex Penning awer d'lescht Woch ganz kloer beäntwert.

"Wa si esou weidermaachen, jo. [...] Ech weess net zu wat dat féiert. Mee op jiddwer Fall zu ... Ech weess et net, ech weess et éierlech gesot net."

Parteispëtzt wëllt Mandat fäerdeg maachen

D'ADR wier net gespléckt, hat den Deputéierten a fréiere Parteipresident Fernand Kartheiser an engem Interview am Dezember däitlech gemaach. Senger Meenung no géif "kee vu verschiddene Richtungen an der Partei schwätzen". D'ADR wier eng gëeente Partei, huet de Fernand Kartheiser gemengt.

"Ech kennen déi Partei jo vu banne ganz gutt. Ech sinn elo zéng Joer aktive Politiker an där Partei. Déi Partei ass net gespléckt. Déi Partei huet elo am Abléck eng Diskussioun doriwwer. Et gëtt selbstverständlech Feeler, déi gemaach goufen. Ech denken och, datt iergend wéini eng Kéier do musse personell Ännerunge kommen. Dat denken ech. [...] Et ass ebe just esou, datt Feeler geschitt sinn, an ech gesinn déi net bei der Madamm Mischel. An do musse Konsequenze kommen eng Kéier."

D'Mandater vum ADR-President a vum Generalsekretär lafen nach bis dat iwwernächst Joer. Et wier net um Fernand Kartheiser oder un der Sylvie Mischel fir personell Konsequenzen ze fuerderen, seet den ADR-Generalsekretär. Hien hätt wëlles bis 2022 op sengem Posten ze bleiwen, ënnersträicht den Alex Penning. En Amalgamm tëschent der Lëtzebuerger Asylpolitik an der Wunnengsnout op där anerer Säit wier net offiziell Parteilinn, an et sollt een déi zwee Sujeten och net a Verbindung bréngen.

ADR-Jugendsektioun äussert sech net

D'ADR wier keng rassistesch Partei, hat den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser de leschte Mount erkläert, no de Kriticken un deem, wat déi deemoleg Partei-Vize-Presidentin Sylvie Mischel op Facebook geschriwwen hat. D'Press an déi politesch Konkurrenz géifen der ADR esou Tendenzen ënnerstellen, fir se ze diskreditéieren.

"Et si Leit, déi eis fäerten als politesch Konkurrenz. An da gëtt op esou Mëttelen zeréckgegraff. Mee d'ADR ass net rassistesch. Rifft ni zum Haass op. Si ass eng ganz normal demokratesch Partei."

D'Fro, wéi et bei der ADR virugeet, konnt de President vun der ADR-Jugendsektioun eis e Mëttwoch net beäntwerten. De Michel Lemaire hat - wéi hien eis gesot huet - no senger Récksprooch bei ADR-Deputéierten nogeluecht kritt, sech fir de Moment net ëffentlech ze äusseren.

An och den Deputéierte Gast Gibéryen ass zu dësem Zäitpunkt net fir e Gespréich iwwer seng Partei bereet. Eis Ufro beim Deputéierte Roy Reding ass bis gëschter Owend ouni Äntwert bliwwen.