Radioen

On air

Nei Musek  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Revolutionär medezinesch Entdeckung op der Uni Lëtzebuerg

Parkinson Diagnos

Revolutionär medezinesch Entdeckung op der Uni Lëtzebuerg

Een internationaalt Team vu japaneschen a Lëtzebuergesche Fuerscher huet e Protein entdeckt, duerch deen et méiglech ass, neuro-degenerativ Krankheete wéi Parkinson mat enger einfacher Bluttanalysen ze diagnostizéieren. Dat ass e groussen Duerchbroch an deem Domaine. D'Resultater si viru kuerzem an der Fachzäitschrëft "Nature Medecine" publizéiert ginn.

auto_stories

2 min

Den Dr. Rejko Krüger vum Luxembourg Institute of Health. (Foto: Archiv)

Lauschterenplay_arrow


Bis elo war de Wee bis bei d'Diagnos vun der Parkinson-Krankheet ee laangen a komplizéierten. Net nëmmen, well d'Diagnos mat laangwierege klineschen Analyse verbonne war, mee och, well et eng Rei Krankheete gëtt, déi änlech Symptomer opweisen.

De Fangerofdrock vu Parkinson

Mat der neier Method wier et elo méiglech, ee Protein, dat typescherweis am Gehier vun enger Persoun mat Parkinson eng Aart Klompe billt, och am Blutt nozeweisen.

Dëse Protein wier esou charakteristesch fir d'Parkinson-Krankheet, datt et d'Diagnos Parkinson ënnerstëtzt, erkläert den Dr. Rejko Krüger vum Luxembourg Institute of Health.

"Diese Struktur ist spezifisch, wie ein Fingerabdruck für die Parkinson-Krankheit. Das Eiweiss kann auch bei anderen Krankheiten, die wie Parkinson aussehen, verklumpen, aber dann hat es einen anderen Fingerabdruck, eine andere Struktur. Das heisst es ist wirklich sehr spezifisch, sehr charakteristisch, um Parkinson nachzuweisen. Und das ist aktuell die höchste Sicherheit, diese Diagnose zu stellen."

Op dës Manéier kéinten och ganz geréng Quantitéite vun dësem Protein am Blutt nogewise ginn.

Eng méi effikass Behandlung

Nieft enger méi effikasser Diagnos soll déi nei Method och dozou féieren, betraffe Patiente méi effikass ze behandelen.

Doduerch, datt een elo weess, datt dëse Protein bei der Krankheet eng wesentlech Roll spillt, géif een elo an engem nächste Schrëtt schonn no Methode sichen, fir dëst ze bekämpfen, sou den Dr. Rejko Krüger vum Luxembourg Institute of Health.

"Es ist zum Beispiel eine Strategie, dass man einen Antikörper kreiert hat, der dieses Eiweiss attackieren kann und dadurch helfen kann, dieses Eiweiss aus dem Körper herauszubringen. Und wir nehmen hier in Luxemburg auch an einer Studie teil, wo versucht wird, diese Wirksamkeit des Antikörpers zu testen."

Op dës Manéier gëtt sech erhofft, datt een Antikierper ee positiven Afloss op de Krankheetsverlaf huet an d'Entwécklung vu Parkinson gebremst ka ginn. Dëst misst d'Etüd awer nach beweisen, esou nach den Dr. Rejko Krüger.