Radioen

On air

Klassik Live  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ REVIS: Corinne Cahen reagéiert op d'Kritik vun déi Lénk

Feelende Bilan a vill Kontrollen

REVIS: Corinne Cahen reagéiert op d'Kritik vun déi Lénk

Ee Bilan, deen nach net gezu gouf an ze vill Kontrollen. Dëst si Kriticke vun déi Lénk wat de REVIS ugeet. D'Corinne Cahen huet elo reagéiert an annoncéiert, datt virum Summer de Bilan iwwer de REVIS, de fréieren RMG, gemaach gëtt. Ee Grond fir de Retard beim Bilan wier d'Pandemie. Iwwerdeems well d'Familljeministesch un de Kontrolle festhalen.









auto_stories

2 min

D'Evaluatioun vum REVIS sollt dräi Joer nom Akraafttriede vum Gesetz geschéien. (Foto: Unsplash)

Lauschterenplay_arrow


De Fuerschungsinstitut LISER an de Familljeministère haten 2021 eng Konventioun ënnerschriwwen, fir eng Evaluatioun vum REVIS, dem fréiere RMG, also dem garantéierte Mindestrevenu, ze realiséieren.

D'Pandemie als Verzögerungs-Grond

Wéi d'Gesetz 2018 a Kraaft getrueden ass, war eigentlech festgeluecht ginn, datt déi Evaluatioun dräi Joer duerno sollt realiséiert ginn. Du koum awer d'Pandemie ënnersträicht d'Familljeministesch Corinne Cahen.

"Et war awer och wichteg, datt de LISER d'Trajectoire vun de Leit, déi am REVIS sinn, konnt kucken. Dowéinst huet dat e bësse méi laang gedauert. 'Wéi kommen d'Läit aus deem REVIS nees eraus?' si Froen, déi wärend der Pandemie net konnte gekläert ginn."

Cahen: Kontrolle si wichteg

An hirem Communiqué hunn déi Lénk elo kritiséiert, datt et beim REVIS vill Kontrolle géife ginn, an datt et och zu Sanktioune kënnt, wann d'Leit sech net un d'Oploen halen. Och dorop huet d'Corinne Cahen reagéiert.

Wat d'Sanktiounen ugeet, do ass et esou, datt fréier beim RMG, do kruten d'Leit dee ganz ewech geholl. Beim REVIS, wann d'Leit sech net un d'Oploen halen, da kritt een deen net direkt ewechgeholl. Et kritt ee fir d'éischt eng Verwarnung an et kritt ee villäicht ee Stéck ewech geholl."

D'Ministesch fënnt iwwerdeems, datt d'Kontrolle wichteg sinn, well een ëmmer nees vun de Leit héiere géing, datt et Abuse géing ginn.

"Wann ee Geld vum Staat kritt, da muss een ëmmer Patte blanche weisen, wann ee kontrolléiert gëtt, fir ze weisen, datt een och déi Suen ze gutt huet. Ech mengen, ee System kann nëmme funktionéieren, wann ee verschidde Kontrollen do huet."

Mëtt Juni also ass d'Etude iwwer de REVIS am Prinzip ofgeschloss, an nach virum Summer géifen d'Conclusioune gezu ginn, esou nach d'Corinne Cahen.