Radioen

On air

Moiesstudio  |  EU-Länner: Penurie suergt fir Konkurrenz um Aarbechtsmaart

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Tripartite "an den nächste Wochen"

Ukënnegung vum Premier

Tripartite "an den nächste Wochen"

De Premier wäert an den nächste Wochen (méi prezis gëtt en net) eng Reunioun vun der Tripartite aberuffen. Dat huet d'Regierung am spéide Moie matgedeelt, kuerz no der Publikatioun vun neien Inflatiouns-Prognos vum STATEC, fir deen eng weider Index-Tranche nach virun Enn dës Joers ëmmer méi warscheinlech gëtt.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Déi séier Reaktioun vum Xavier Bettel war fir de Serge Allegrezza keng Iwwerraschung. Den Direkter vum STATEC verweist op de leschten Tripartite-Accord vum September zejoert an deem eng "clause de rendez-vous" virgesi gi war.

Mee wat huet de STATEC dann eigentlech matgedeelt? Natierlech net, datt definitiv eng Index-Tranche am leschten Trimester erfält. Dat kann een haut nämlech nach net soen. Mee d'Probabilitéit, datt dat geschitt ass grouss. Well souguer an deem zentralen Zenario vun den dräi Modeller, déi de STATEC duerchgerechent huet, deen also weder op extra optimisteschen nach op méi pessimisteschen Hypotheese baséiert. Souguer do géif tëscht Oktober an Dezember 23 eng Tranche erfalen, sou de Statec-Direkter.

"Dat ass dat, wat eis Previsioune momentan soen. À prendre avec des pincettes, well mir sinn an enger relativ volatiller Situatioun..."

Vill Facteure beaflossen d'Situatioun

Et weess een nach ëmmer net, wéi d'Pëtrols- a Gaspräisser sech weider entwéckelen, a well och onkloer ass wéi déi sougenannt sous-jacente Inflatioun (also d'Deierecht vun allem wat net Energie ass) evoluéiert. Et hänkt aktuell ganz vill vun der Evolutioun vu China, vun der Eurozon a vum Krich an der Ukrain of, seet de Serge Allegrezza.

Hei am Land bleift ofzewaarden, ob d'Präisbremsen op de verschiddenen Energiezorten effektiv den 31. Dezember auslafen. Geschitt dat net, prognostizéiert de STATEC, datt d'Inflatioun zu Lëtzebuerg am Januar 2024 e Saz no uewe mécht fir dann iwwer dat ganzt nächst Joer lues zréckzegoen. Mee et ass jo net ausgeschloss, datt d'Tripartite eenzel Mesüre nach emol verlängert.