Tëscht 8 an 11 Auer hunn d'Rendez-vousen op der Plaz missten iwwer een Offline-System geréiert ginn. Dee géif awer méi Zäit brauchen, sou datt op de verschidde Plaze Stauen entstane wieren. Zanter 11 Auer wier de Problem awer behuewen an d'Situatioun géif sech erëm normaliséieren, heescht et vum Ministère. Betraff waren all d'Statioune vun der SNCT, also Sandweiler, Esch/Uelzecht, Léiweng a Maarnech.
arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Retarden op de Kontrollstatioune vun der SNCT
No Informatescher Pann
Retarden op de Kontrollstatioune vun der SNCT
Den Dënsdeg de Moie koum et zu gréissere Retarden op de Kontrollstatioune vun der SNCT uechter d'Land. Wéinst engem technesche Problem ass den internen informatesche System vun de Statiounen dräi Stonne laang ausgefall. Dat krute mir op Nofro hi vum Mobilitéitsministère matgedeelt.
auto_stories
1 min