International Etüd Restriktioune fir privat Versammlunge si mat am effikassten

D'Annulatioun vun ëffentlechen Evenementer, imposéiert Restriktioune fir privat Versammlungen an d'Zoumaache vun de Schoulen, hu quantitativ dee gréissten Effekt op d'Beschränkung vun der Covid-19-Pandemie. Ënner anerem dat geet aus enger Etüd vum Center for Economic Policy ervir, un där och de Liser matgeschafft huet.

Maxi Pesch / cz

Coronavirus
Foto: Bigstock / galinadvorak

De Bäitrag vum Maxi Pesch lauschteren


Och wann d'Etüd nach net ganz ofgeschloss wier, wier et elo scho kloer, datt dës dräi Mesuren dee gréissten Impakt op d'Aschränkung vun der Covid-19-Pandemie hätt, erkläert de Bertrand Verheyden, ee vun den Auteuren a Chercheur beim LISER. Déi Plazen, wou vill Leit beienee kommen, wieren d'Haapttransmissiounskanäl.

Och d'Zoumaache vun der Aarbechtsplaz an d'Bleif-doheem-Strategie géif d'Verbreede vum Coronavirus limitéieren. Wann och net grad esou staark. Och Restriktiounen op der Aarbechtsplaz an an der Schoul géifen hëllefen, mee wiere manner effikass, esou de Fuerscher.

Keen Impakt hätten d'Chercheure fonnt, wat déi international Reeskontrollen, d'Zoumaache vum ëffentlechen Transport an d'Restriktiounen vun der Beweegungsfräiheet tëschent de Stied an de Regiounen ugeet.

Fir d'Etüd ze realiséieren hätten d'Chercheuren e Modell fir multipel Evenementer entwéckelt. Dëse Modell wier op 135 verschidde Länner mat hiren Differenzen ugewant ginn, heescht et an der Etüd, mam Zil, d'Mesurë géint d'Covid-19-Pandemie ze moossen.

D'Chercheuren hätten der Politik hir Etüd nach net presentéiert, esou de Bertrand Verheyden.

Méi zum Thema

François Bausch
Corona-Kris

Well d'Zuel vun den Neiinfektiounen an de leschten Deeg geklommen ass, misst een d'Covid-Gesetzer vläicht verschäerfen, seet de François Bausch. Op private Partye géif et eng héich Ustiechungsgefor ginn.

Jean-Claude Schmit
Corona-Pandemie

D'Santé wier "e bëssen iwwerrascht" iwwer d'Rapiditéit, mat där d'Corona-Infektiounen nees geklomme sinn, esou de Jean-Claude Schmit. Pro Dag kéint een d'Kontakter vun enge 60 Leit retracéieren.

Ulf Nehrbass
Corona-Pandemie

Et wier méiglech, datt Lëtzebuerg um Ufank vun enger zweeter Well steet, seet den Ulf Nehrbass. Dofir wier et wichteg, datt d'Massentester gemaach ginn, fir esou d'Infektiounsketten ze ënnerbriechen.

Programm

  • Vun 10 bis 2

  • On air

    Noriichten

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

  • Tockcity

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen