Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Whitney - Friend Of Mine

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ respect.lu huet sech 2022 mat 66 Fäll befaasst

Dialog statt Hass

respect.lu huet sech 2022 mat 66 Fäll befaasst

Datt d'Unzuel u Berodungsfäll klemmt, géif nëmme weisen, datt respect.lu no fënnef Joer ee gewësse Bekanntheetsgrad erreecht huet an doduerch méi Leit de Preventiounszenter consultéieren. Et géif sech hei nëmmen ëm déi Fäll handelen, déi de Preventiounszenter selwer begleet huet, preziséiert d'Direktesch vu respect.lu Karin Weyer.

auto_stories

2 min

D'Zuele wiere sou kleng, datt een net op Grond dovun eng Tendenz an eiser Gesellschaft kéint ausmaachen. Zanter zejoert géif een de Fokus méi op Mënsche leeën, déi sech an engem Radikaliséierungsprozess befannen. An engem Begleedungsprogramm wëll respect.lu radikal Tendenze fréi genuch erkennen a géint all Form vu Radikaliséierung, sief et reliéis oder politesch, virgoen.

"Dialog statt Hass"

31 vun de 66 Persounen huet respect.lu zejoert am Kader vum Programm "Dialog statt Hass" begleet. Do gi Leit, déi duerch Haass-Rieden op de soziale Medien opgefall sinn, identifizéiert a begleet. Virun allem solle Persounen, déi a sou engem Fall schonn een Dossier beim Parquet leien hunn, eng zweet Chance kréien, erkläert d'Karin Weyer.

"An de Parquet huet sech elo mat eis zesummen d'Méiglechkeet ginn, deene Leit elo ze soen, ok wann s du um Programm "Dialog statt Hass" deel hëls, da bleift den Dossier praktesch en suspens. A wann s du fäerdeg drun deel geholl hues, da gëtt e klasséiert. Et ass de Parquet, deen decidéiert, wat fir eng Leit déi Opportunitéit kréie fir um Programm deel ze huelen an doduerch dann net viru Geriicht mussen ze goen."

Trotzdeem géifen nei Forme vu Radikaliséierung dobäi kommen, ouni datt bekannt Formen verschwannen, sou nach d'Direktesch vu respect.lu.