Radioen

On air

De Moien  |  Elvis Costello & The Imposters - Unwanted Number

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Stolpersteng: Kënschtler kann eleng decidéieren

Stolpersteng fir Zwangsrekrutéierter

Stolpersteng: Kënschtler kann eleng decidéieren

Den Direkter vum nationale Resistenzmusée wëllt sech net an der Polemik ëm d'Stolpersteng fir Zwangsrekrutéierter zu Jonglënster positionéieren.

auto_stories

2 min

Bei deene Stolpersteng géif et sech ëm e kënschtlerescht Konzept vum Artist Günter Demnig handelen, deen d'Iddi entwéckelt hätt, an deen dofir och eleng decidéiere kéint, wien esou e Steen zegutt huet.

De Frank Schroeder bemierkt awer:

"Mir mussen eis awer kloer sinn, datt d'Schicksal vun deenen zwou Gruppen net dat selwecht ass. Déi Stolpersteng fir Enrôléen, déi un der Front ëm d'Liewe komm sinn: do si mer bei enger Konsequenz vun engem Krich, vu Leit, déi agezu gi sinn, wou sécher Rechter net respektéiert gi sinn. Mee et ass trotzdeem en Ënnerscheed par Rapport zu enger Grupp vun eiser Populatioun, déi aus reng rasseschen Ursaachen, ouni datt se iergendeppes dofir kënnen, Affer vun engem Vëlkermord goufen."

Zu Jonglënster ware kierzlech eelef där Steng verluecht gi fir un Zwangsrekrutéierter aus der Gemeng ze erënneren. Vertrieder vun der jüddescher Communautéit hate kritiséiert, datt d'Schicksal vun den Enrôlés de force op eng Stuf gestallt géif gi mam Leed vun de Judde wärend der Nazizäit.

Gedenkzeremonië solle sech änneren

E Sonndeg ass den nationale Commemoratiounsdag. Wéi all Joer gëtt mat enger nationaler a ville kommunalen Zeremonien un dat erënnert, wat an de Joren 1940 bis 1945 hei geschitt ass, wéi d'Land a seng Leit déi Zäit ënner Krich an Occupatioun gelidden hunn.

Den Direkter vum Resistenzmusée seet, d'Manéier wéi hei am Land un den zweete Weltkrich geduecht gëtt, misst sech änneren: Gedenkzeremonien, wéi déi um nationale Commemoratiounsdag dëse Sonnden, géifen net déi Leit areechen, déi se erreeche missten.

De Frank Schroeder géif sech zum Beispill wënschen, datt op Commemoratiounsfeiere méi Jonker zu Wuert kommen.