Et si Gefiller vun Resignatioun an déifster Verzweiwlung, seet den "Ali", e jonken Afghan deen 2015 an Europa geflücht ass.
"Ech konnt déi lescht zwee Deeg net schlofen. Ech hu mer Suerge gemaach wéinst menger Famill a Frënn. Mee net just meng Famill: all d'Afghanen. Alles wat mer an 20 Joer opgebaut hunn: d'Arméi, d'Regierung, et war net perfekt mee wéinstens war et eppes. A lo hu mer näischt méi."
Och den "Ahmad" mécht sech Suergen em seng Famill.
"Je suis au Luxembourg, mais mes pensées sont toujours en Afghanistan. Parce que j'ai ma famille. Je parle avec eux tout le temps pour voir s'ils sont toujours vivants. C'est très très difficile, je ne peux pas l'exprimer, c'est dur."
D'Belaaschtung ënnert där dës jonk Afghane leiden ass enorm. Besonnesch och well si sech machtlos spieren fir iergend eppes un der Situatioun kënnen ze änneren, wei d'"Zolaikha" betount.
"Les gens sont sans destin en Afghanistan. Mon pays me manque vraiment, je ne suis jamais retourné depuis sept ans. On veut l'espoir qu'il y aura la paix, mais ce n'est pas le cas."
Vun der Internationaler Communautéit fille si sech am Stach gelooss, seet den "Ali".
"Déi wéineg Hoffnung, déi ech hat, hunn ech verluer. Ech hat erwaart datt en (den US President Joe Biden) géif zouginn datt se Feeler gemaach hunn am Afghanistan. Mee hie sot mol net, datt et him Leed géif doen datt d'Taliban Leit ëmbréngt."
D'Afghanen zu Lëtzebuerg wëlle sech elo mobiliséieren. Si plangen eng Manif den 28. August op der Plëss. Hieren Opruff: d'Lëtzebuerger Regierung sollt allen Afghanen am Land déi de Statut nach net hunn, dee Statut accordéieren. D'Leit sollten Empathie fir all d'Flüchtlinge weisen. "Versetzt iech an eis Platz", seet den "Ahmed".
"Soyez gentils avec les refugiés. Ils sont des humains comme vous. Seulement qu'on a vecu dans un autre environnement. Ils ne sont pas dangereux, vous ne devez pas avoir peur."