Ufangs war eng méiglech Reouverture vum Tunnel fir den 11. Dezember virgesinn, dëst soll elo awer eréischt d'nächst Joer geschéien.
Geologesch Analyse duerch zwielef Buerungen
D'Aarbechten, fir den Tunnel nees esou séier wéi méiglech a Stand ze setzen, sinn an aacht Phasen opgedeelt. Als éischt muss dat lassent Gestengs iwwer der Abrochplaz stabiliséiert ginn. Duerno kënnen d'Opraumaarbechten am Tunnel ufänken. An enger leschter Phas kënnen dann d'Gleiser ersat ginn.
An de leschte Méint goufen am ganzen zwielef Buerunge vu bis zu 75 Meter duerchgefouert, fir d'Festegkeet vum Gestengs ze analyséieren. De Responsabele fir d'Infrastruktur vun der CFL, den Henri Werdel, erkläert de Constat vun dëse Buerungen:
"Dat wat mir festgestallt hunn, dat ass datt do hannendrun d'Saache virugerutscht sinn, an datt et lo do, iwwer der Plaz, eng Posch oder eng Zon gëtt vu Material vun diversem Kaliber, Gestengsmaterial, wat op eng instabil Aart a Weis do zesummen hänkt."
Ee Käschtepunkt vun de geologeschen Analyse konnten déi Responsabel vun der CFL nach net nennen.
Weiderhi laang Trajets-Zäite fir Passagéier
Esoulaang d'Zuchstreck gespaart bleift, mussen d'Passagéier weiderhi mat längeren Trajets-Zäite rechnen, esou den CLF-Direkter Marc Wengler. Dat géif och domat zesummenhänken, datt de Reseau vun den Ersatzbusser u seng Limite kéim. Et ginn awer verschidden Horairen a Capacitéiten ugepasst, virun allem Ëlwen an d'Kautebaacher Gare sollen dovu profitéieren.
Vill méi wier awer net dran, erkläert den Alex Kies, Direkter vun der Administratioun des transports publics. Et géif een et net packen, fir méi Chaufferen ze fannen, déi an de Spëtzestonne fuere kéinten:
"Doriwwer eraus kënnt ganz einfach, datt mir lo scho liicht Schwieregkeeten hunn, eise ganze Reseau ze fueren, wat d'Busmaterial ugeet, well duerch déi ganz international Situatioun hu mir immens Problemer, Ersatzstécker erbäizekréien am Fall vu Pannen."
An de reschtlechen Tunnellen op der Nordstreck wieren iwwerdeem nom Virfall am Tunnel Schieburg keng zousätzlech Kontrollen oder Astandsetzunge virgesinn, esou nach den Henri Werdel.