Radioen

On air

E-Lodie  |  E-Lodie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Reorganisatioun vun der Arméi am Regierungsrot ugeholl

Arméi

Reorganisatioun vun der Arméi am Regierungsrot ugeholl

De Gesetzesprojet iwwer d'Organisatioun vun der Arméi gouf haut vum Regierungsrot ugeholl. Mam neie Gesetz soll déi juristesch Sécherheet verstäerkt ginn, esou de Minister François Bausch bei der Presentatioun vun de geplangte Changementer.

auto_stories

1 min

Foto: Armée luxembourgeoise / Cuccureddu Evan (Archiv)

Lauschterenplay_arrow


Duerch zwou nei Militärkarriäre fir Leit mat enger Première, respektiv engem Bachelor-Diplom, an d'Moderniséierung vun deenen anere Karriäre solle méi Leit bei der Arméi kënne rekrutéiert ginn. D'Dauer vum Engagement fir déi fräiwëlleg Zaldote soll vun dräi op véier Joer verlängert ginn, den État-Major soll restrukturéiert ginn.

Duerch déi geplangte Changementer soll d'Gesamtzuel vun den Arméimembere vergréissert ginn, fir datt d'Arméi hire militäreschen an ziville Aufgabe ka gerecht ginn, esou de Minister. Déi zousätzlech Personalkäschte bei der Arméi solle bei bis zu 2,3 Milliounen Euro pro Joer leien.

De François Bausch hofft, datt dat neit Gesetz virun de Chamberwalen 2023 gestëmmt ka ginn.