Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Hazel English - Jesse Feat. Day Wave

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Reorganisatioun vum RGTR Busreseau

Ëffentlechen Transport

Reorganisatioun vum RGTR Busreseau

Den nationale RGTR-Busreseau gëtt vu Mee un a bis Enn 2021 reorganiséiert. 81 Gemengen a 534 individuell Bierger hunn hiren Avis zu deem Projet agereecht, deen den Transportministère ausgeschafft hat. Opgrond vun deene Remarke gouf de Projet erëm op de Leescht geholl.

auto_stories

3 min

D'Zil vun der Reorganisatioun vum RGTR-Busreseau ass et, jiddwerengem am Land an och de Frontalieren d'Méiglechkeet ze ginn, mam ëffentlechen Transport kënnen ze fueren. Dobäi soll de Bus méi attraktiv an effizient funktionéieren. Mam geplangte Reseau kritt déi gesamt Populatioun mat Ausnam vu 500 Awunner een Zougang zum ëffentlechen Transport.

No der Publikatioun vum geplangte Busreseau, konnten d'Gemengen an d'Bierger hir Remarken dozou ofginn. 81 Gemengen an iwwer 530 Bierger hunn dat gemaach. Fir de Syvicol-President Emile Eicher ass dat ee gutt Zeechen. Et géif och weisen, datt d'Gemenge sech géife fir d'Mobilitéit asetzen. "Si si jo selwer Acteur beim Schoultransport an och bei ganz villen aneren Transporter. "Ech denken do un d'Bussen, déi wärend de Weekender nuets fueren an déi et deene Jonken erlaabt owes erauszegoen", sou den CSV-Politiker.

Aféierung vun Express-Buslinnen

Eng vun de Fuerderunge vun de Gemenge war déi d'Fuerzäiten auszebauen. Deem gouf elo Rechnung gedroen, betount den Transportminister François Bausch. Et hätt een elo ee Reseau vu méindes bis freides vu fënnef Auer moies bis wéinstens eelef Auer an der Nuecht. An der Woch géife 25 Prozent méi Kilometer gefuer ginn, de Weekend souguer 38 Prozent méi, sou de François Bausch.

Neierunge sinn d'Aféiere vun Express-Buslinnen, Bus-Couloiren, Haaptachsen an transversal Verbindungen, woubäi de Bus net méi muss duerch de Stadzentrum fueren.

Aus den Avise vun de Gemenge koum ervir, datt déi proposéiert Linnen net ëmmer de Besoine vun de Bierger ugepasst sinn, mengt den Emile Eicher. Verschidden Arrête missten also nach dem tatsächleche Bedarf ugepasst ginn.

Ausbau vu Park an Riden

De Syvicol President ass och der Meenung, datt een de Schoultransport an den ëffentlechen Transport misst koordinéiere fir ze verhënneren, datt een duebel Transporter misst finanzéieren.

Global gesi geet et bei der Reorganisatioun och drëm souvill Busspueren ze plange wéi méiglech, dat ass tëschent Gonnereng an der Stad virgesinn, mee och a Richtung Esch, wou da méi spéit een Tram hikënnt. Méi Efforte ginn et fir Expresslinnen, ënnersträicht de François Bausch.

"Wa mer gären Expresslinnen hunn, da musse mer kucken méiglechst vill Bus-Couloiren ze hunn. Dat zweet ass, et gi nei Méiglechkeeten. Mir hunn den Umeldesystem vun de roude Luuchten fir de Bus, deen awer relativ schwéierfälleg ass. Dat funktionéiert haut mat enger Schläif an der Strooss. An Zukunft wäerte mer een anere Wee goen, mat den neien Techniken, déi et gëtt fir intelligent Luuchteschaltungen ze maachen."

Ee weidere Chantier ass dee vun de Park and Ridë fir Frontalieren.

"Mir wäerten d'Park and Riden ausbauen. Deen zu Miesenech gëtt ausgebaut. Fréiseng gëtt och ausgebaut, dee Projet hunn ech elo ënnerschriwwen. Mir hunn ee Projet mat der Stad Diddenuewe fir Frontalieren déi den Zuch wëllen huelen, och op der A31 entsteet ee Park and Ride."

Kee Ruffbus am ländleche Raum

Am éischte RGTR-Reseau wier d'Iddi opgeworf ginn, fir am ländleche Raum baussen de Spëtzestonnen ee Ruffbus anzesetzen, déi Iddi gouf elo awer nees fale gelooss.

Am éischte Projet RGTR-Reseau gouf d'Iddi opgeworf, an de ländleche Regiounen ausserhalb vun de Spëtzestonnen ee Ruffbus anzesetzen, déi Optioun gouf falegelooss.

Et hätt ee festgestallt, datt d'Demande "awer net esou schlecht" wier. Dofir hätt ee sech fir den Asaz vu méi klenge Bussen agesat an den Takt bäibehalen, "well dat fir de Client méi einfach a méi iwwersichtlech ass".

Bis 2021 gëtt déi Reorganisatioun ëmgesat, an et erwaart ee sech och méi Passagéier, där Meenung ass den Alex Kies, Chargé de Direction am Transportministère.

Am Februar an am Mäerz ass déi zweet Informatiounsronn virgesinn, dann organiséiert den Transportministère zéng regional Reunioune mat de Bierger an de Gemengevertrieder.