Radioen

On air

Concert  |  Owesconcert

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Reorganisatioun vum Busréseau: TICE Aarbechtsplazen net a Gefor

Mobilitéit

Reorganisatioun vum Busréseau: TICE Aarbechtsplazen net a Gefor

Beim TICE muss sech den Ament kee Buschauffer Gedanken em seng Aarbechtsplaz maachen. Dat verséchert de Pierre Mellina, President vum TICE. Den OGBL an de Landesverband hate rezent an engem Schreiwes dorop opmierksam gemaach, datt mat der Reorganisatioun vum Busreseau am Süde vum Land a mam Aféiere vu grenziwwerschreidende Buslinnen eng Partie TICE-Buslinne géinge riskéieren ewechzefalen. Dat well grenziwwerschreidend Strecken net kéinte vum TICE-Syndikat assuréiert ginn.

auto_stories

2 min

De Mobilitéitsministere rechent bis 2035 mat 160 000 Bus-Passagéier den Dag am Süden: also duebel esou vill wéi den Ament, vun deenen e groussen Deel tëscht Lëtzebuerg a Frankräich pendelt.

Just zwou Buslinne si betraff

Dofir sollen ënnert anerem grenziwwerschreidend Strecken ausgebaut ginn. Strecken, déi den TICE net assuréiere kann, wéi de President vum TICE, Pierre Mellina erkläert.

"Mir hunn eigentlech net als Aufgab fir iwwer d'Grenze vun eise syndikéierte Gemengen ewech ze fueren a scho guer net an d'Ausland. Well do sinn Oplagen, déi mir mussen hunn."

Am Ausland misst ee speziell Konditiounen erfëllen, an déi erfëllt den TICE net. Et wier also net virgesinn, fir iwwer d'Grenzen ewech mat Busser ze zirkuléieren, sou de Pierre Mellina.

Et wieren awer héchstens zwou Buslinne vun der Reorganisatioun betraff, mengt den TICE-President.

De Rekrutement als zukünftege Problem?

D'Aufgab vum Syndikat fir am Süden de Persounentransport ze assuréiere géing doduerch awer net manner ginn. Mam Ausbau vum ëffentlechen Transport wier den TICE an de Süd-Gemenge selwer méi gefrot.

"Do wäert een Deel kompenséiert ginn. Also, eben datt mir dann aner Linne fueren, wou mir erëm Leit brauchen. Mir assuréieren an dëser Phas, datt jiddereen, dee bei eis beim TICE schafft, seng Plaz assuréiert huet."

Entwarnung gëtt och den OGBL op eis Nofro hin. Den Zentralsekretär Christian Sikorski rechent awer domat, datt den Ausbau vum Busreseau am Süde laangfristeg eng aner Problematik kéint mat sech bréngen.

"Mir hunn engersäits lo schonn ee Problem, datt mir net genuch kommunal Buschaufferen hunn. Wann dat Ganzt natierlech ausgebaut gëtt, da brauche mir natierlech nach méi Buschaufferen. Dat heescht de Problem vum Rekrutement gëtt natierlech an Zukunft verschäerft."

Dem OGBL no géing et beim TICE den Ament u 50 Buschauffere feelen. Beim stättesche Bus-Reseau AVL wieren et der 60, esou nach de Christian Sikorski vum OGBL.