Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Wolf Parade - You're Dreaming

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Relatiounen tëschent Lëtzebuerg a Portugal: d'Integratioun verstäerken

Staatsvisitt

Relatiounen tëschent Lëtzebuerg a Portugal: d'Integratioun verstäerken

Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun, mat ënnert anerem véier Minister:innen ass den Ament zu Lissabon.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Bei der Staatsvisitt geet drëms déi enk Relatiounen tëscht béide Länner weider ze verdéiwen, souwuel an de Beräicher vun der Wirtschaft, wéi vun der Integratioun vun de portugisesche Staatsbierger am Grand-Duché.

Déi portugisesch Communautéit zu Lëtzebuerg hätt sech zwar am grousse Ganze gutt integréiert, a verschidde Beräicher wieren awer weider Efforten néideg, mengt d'Familljen- an Integratiounsministesch Corinne Cahen.

Vill portugisesch Kanner hätte beispillsweis Schwieregkeete mat der Zweesproochegkeet an der däitscher Alphabetiséierung an der Schoul.

Portugisesch Matbierger:innen am Alldag abannen

Allgemeng wieren déi portugisesch Staatsbierger:innen awer och méi retizent fir sech aktiv mat an d'alldeeglecht Liewe mat anzebannen.

Stéchwuert Gemengewalen: do lancéiert de Ministère eng Campagne fir Auslänner:innen ze motivéieren, sech op d'Wielerlëschten anzedroen, seet d'Corinne Cahen.

"Mir hätte gär, datt d'Demokratie gelieft gëtt an do brauche mir déi portugisesch Regierung."

Vill Portugis:innen a Lëtzebuerg géifen déi portugisesch Medien an Tëlee consomméieren. D'Corinne Cahen kéint sech virstellen, datt doriwwer en Appell gemaach gëtt, datt d'Leit sech an hire Gemenge fir d'Wale sollen aschreiwen.

Wirtschaftlech Relatiounen

Inclusioun an d'Gerance vum aktuelle Flüchtlingsstroum aus der Ukrain ware weider Sujete bei den Entrevue vun der Ministesch mat de portugisesche Regierungsvertrieder:innen.

Wann de Persounenaustausch tëscht Portugal a Lëtzebuerg intensiv ass, da sinn déi wirtschaftlech Relatiounen et awer nach ze wéineg, fënnt iwwerdeems den Ausseminister Jean Asselborn.

D'Wirtschaftsmissioun, déi parallel zu der Staatsvisitt zu Lissabon am Gaangen ass, sollt déi wirtschaftlech Bezéiungen tëscht béide Länner weider verdéiwen.