Radioen

On air

Espresso Beats  |  Smokey Robinson - Quiet Storm

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Reitz a Geisler solle SREL-Archiven opschaffen

Geheimdéngscht

Reitz a Geisler solle SREL-Archiven opschaffen

auto_stories

1 min

D'Historiker Jean Reitz an Nadine Geisler goufe beoptraagt, fir d'SREL-Archiven aus de Joren 1960 bis 2001 opzeschaffen. Déi Informatioun huet de Staatsministère eis op Nofro hi confirméiert. Den Optrag leeft vum 1. Juni 2017 bis den 31. Mee 2019.

Datt déi al Archive sollen opgeschafft ginn, hat d'Geheimdéngscht-Enquêtëkommissioun 2013 an hirem Ofschloss-Rapport esou gefuerdert. Zejoert ass een entspriechend Gesetz gestëmmt ginn, wou de Kader fir d'Aarbecht vun den Historiker definéiert gëtt. Si ginn an hirer Aarbecht begleet duerch een Evaluatiounscomité.

Am Evaluatiounscomité vertruede sinn:

  • Fir d'Chamber, de Serge Wilmes (CSV) an de Gusty Graas (DP)
  • Fir d'Regierung, d'Josée Kirps (Nationalarchiven) an de Jeff Fettes (Staatsministère)
  • Fir d'Uni Lëtzebuerg, den Andreas Fickers an de Benoît Majerus

Et goufen dräi Kandidature vu Fuerschergruppen mat all Kéiers zwee bis dräi Historiker.

De Jean Reitz war tëscht 2003 an 2016 Direkter vun der Agence Luxembourgeoise d'Action Culturelle (Alac). Zesumme mam Nadine Geisler an aneren Historiker huet hie rezent zu Käerjeng eng Ausstellung iwwert den Éischte Weltkrich mat realiséiert. Fuerschungsschwéierpunkte vum Nadine Geisler ware bis ewell d'Fraebewegung an de Geschichtsunterrecht an de Schoulen.