Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Reglementer fir Tiny Haiser Dierfer gewënscht

Logement

Reglementer fir Tiny Haiser Dierfer gewënscht

D'Lëtzebuerger Tiny Houses Community ass frou iwwert d'Annonce datt den Inneministère am gaange wier nei Typpe vu Reglementer auszeschaffen, fir de Gemengen d'Méiglechkeet ze ginn Tiny Haiser am Gemengereglement virzegesinn. Tiny Houses sollen net de Probleem vum Manktem u Wunnraum léisen, et ass eng aner Wunnform, fir Mënschen déi eng Alternativ zu de gängege Wunnenge sichen. Bis elo awer goufen déi Projeten ofgebremst wéinst juristesche Probleemer. Eng vun de Schwieregkeeten ass nach ëmmer d'Méiglechkeet sech op där Adressen unzemellen, betount d'Nikki Lippert, Presidentin vun der Tiny House Community.

auto_stories

3 min

Den Inneministère ass am gaangen Typpe vu Reglementer auszeschaffen, fir de Gemenge juristesch Léisunge kënnen ze proposéieren, déi dann an hire jeeweilege Gemenge kënne genotzt ginn. Deen Ament kéinten d'Leit sech och op där Adress umellen.

D'Vereenegung vun den Tiny Houses ass frou, datt de Ministère op dee Wee geet, betount d'Presidentin vun der Tiny House Community d'Nikkie Lippert.

"Mir hoffen datt dat an eisem Sënn gemaach gëtt. Mir kucken dat aus dem Bléckwénkel vun deenen déi dra wunnen. Bis elo goufe virun allem Projete gestart wou Gemengen där Tiny Haiser zur Verfügung wëlle stellen, fir se ze verlounen. Et sinn net Projete wou Leit mat hirem eegenen Tiny House komme fir dann dran ze wunnen", erkläert d'Nikkie Lippert.

Reglement vu Ministère encouragéiert Gemengen

Et wier ee grousse Schratt fir déi Aarbecht déi bis elo gemaach ginn ass, wëll et de Gemengen elo ëffentlech seet, datt den Inneministère prett ass a fënnt datt d'Iddie vun den Tiny Haiser gutt ass, betount d'Nikkie Lippert.

"Dat mécht deen Ament de Wee op, datt d'Gemengen an hire Reglementer esou Projete kënnen dra schreiwen. Woubäi een och muss soen, datt mir déi lescht zéng Joer am Kontakt mam Ministère oder mat de Gemengen de Pingpongsball tëscht de Gemengen an de Ministère waren. D'Gemengen hu sech dowéinst och net getraut eppes ze maachen, well se eben net wossten, ob de Ministère dat dann och accordéiert."

Tiny Haiser Dierfer mat Synergien

Eigentlech wéilt d'Tiny House Community zu Lëtzebuerg Terraine fannen, op deenen e puer där Haiser kéinten opgestallt ginn, an een Duerf schafen, erkläert d'Nikkie Lippert:

"Dat heescht ee Regruppement vun Tiny Haiser déi als eenzel do stinn, déi awer gemeinschaftlech Raimlechkeeten hätten, déi se sech deelen a wou eng Community ka stattfannen."

Technesch Infrastrukturen net ëmmer néideg

Op deenen Terraine wou Tiny Haiser drop stoe kommen, mussen net onbedéngt Infrastrukturen oder Uschlëss installéiert ginn, betount d'Nikkie Lippert. Et geet drëm seng eege Ressourcen ze schafen.

"Bei den Tiny Haiser hänkt et dovunner of. Et ginn Tiny Haiser déi komplett autark sinn, do bräicht een am Fong keng Infrastruktur. Dat ass och vu villen Tiny Haiser Beweegunge gewënscht. Besonnesch wann een aus der grénger Beweegung erauskënnt, an datt ee wëll kucke fir esou mann ewéi méiglech ze konsuméieren, fir da seng eegen Ressourcen ze notzen. Dat ass dann ee grousse Schrëtt fir komplett ouni Uschlëss auszekommen."

Tiny House Dierfer an Holland ouni Uschlëss

D'Nikkie Lippert zitéiert Holland wou et där Tiny Haiser Dierfer ginn. D'Gemenge selwer froen, datt d'Dierfer selwer Ressource solle schafen, esou d'Nikkie Lippert. D'Gemenge froen, datt déi Haiser sou vill wéi méiglech autark sinn. Datt se zum Beispill Solarpanneauxen a Komposttoiletten hunn a Filteren, fir aus Reewaasser Drénkwaasser ze produzéieren.

"Dat wier fir eis een nächste Schrëtt dee kéint gemaach ginn. Ech weess elo net genau wat bei de Reglement Typpe wäert erauskommen, et wier awer schéi wann dat elo zu Lëtzebuerg méiglech gemaach géif ginn."