D'ADR plädéiert fir eng Kombinatioun vum regionale Wahlsystem, mat engem nationalen Auszielsystem: Deemno sollten all d'Stëmmen am Land zesummegezielt ginn. Duerno sollt dann opgrond vum gesamten nationale Resultat decidéiert ginn, wéi vill Mandater all Partei ze gutt hätt, an déi géifen da jee no Bezierk opgedeelt ginn.
Op déi Manéier géif ee verhënneren, datt beispillsweis eng ADR, déi am Osten ëmmer vill Stëmme kritt hätt - déi awer net grad fir e Sëtz an der Chamber duergaange sinn - all déi Stëmme souzesoe géif verléieren. Iwwerdeems sollt all Joer op den 1. Januar nei festgeluecht ginn, wéi vill Leit an engem Bezierk wunnen an doropshin d'Zuel vun de Mandater fixéiert ginn, fuerdert de Fernand Kartheiser.
Wat d'Verfassungsreform ubelaangt deelt d'ADR d'Positioun vun der CSV fir e consultative Referendum ofzehalen. Fir de Fernand Kartheiser ass eng nei Verfassung awer net onbedéngt néideg, den alen Text hätt gutt Déngschter geleescht a kéint iwwer Amendementer och ëmmer nees nei ugepasst ginn.
Eng Diskussioun iwwer grondleeënd ethesch Froen
De Fernand Kartheiser fuerdert eng Ethik-Diskussioun fir Lëtzebuerg. De Grand-Duché géif an Tëschenzäit zu deene Länner gehéieren, déi op der Welt an alle Sozialexperimenter am Wäitste géife goen, kritiséiert den ADR-Deputéierten. Dat gesäit hien awer problematesch:
"Ob dat elo beim Cannabis ass, beim Filiatiounsgesetz. Egal, you name it, we do it. Fréier war Lëtzebuerg e Land wat relativ konservativ war, an Tëschenzäit ass et scho bal e Revoluzzer-Staat op dëser Welt. Mir feelt déi ëffentlech Diskussioun iwwer grondleeënd ethesch Froen an eiser Gesellschaft. Ech géif mir wënschen, datt jiddweree sech mat de Konsequenze vun deem befaasst, wat den Ament an der Diskussioun ass. Mir sollten als Gesellschaft e bësse manner - obschonn et wichteg ass, jiddweree muss jo säin Auskommen hunn - mee nieft reng materielle Consideratiounen op eist Liewen an op eist Land, gëtt et eben och nach aner Dimensiounen, an notamment och déi ethesch, déi moralesch. Dat kënnt mir e bësse kuerz an ech wier frou, wa mir och kéinte méi an deen Dialog eragoen."
CSV an LSAP: Presidente passen net bei Partei
D'CSV an d'LSAP hätten allebéid Presidenten, déi net bei se passen. De Franz Fayot wier "keen typesche Vertrieder vun der Aarbechterschaft oder vum sozialisteschen Elektorat", fënnt de Fernand Kartheiser. De Frank Engel hätt Vuen, déi net mat der CSV kompatibel wieren:
"Den Här Engel huet zum Beispill d'lescht Woch nach en Interview ginn, wou hien erëm fir e Referendum fir d'Auslännerwahlrecht Reklamm gemaach huet, wou d'CSV jo Problemer hat fir sech am Referendum vun 2015 iwwerhaapt ze positionéieren an e groussen Deel vum Elektorat vun der CSV éischt op ADR-Positioun war, fir ze soen, dat wëlle mir net. Also mir hunn an deenen zwou grousse Parteien am Land - bis elo, d'DP huet jo bei den Europawahlen e grousse Schrëtt no vir gemaach - eng intern Divergenz, déi eventuell ka Krisepotential hunn."
Piratepartei: "keng Existenzberechtegung"
D'Piratepartei hätt iwwerdeems keng national Identitéit. D'Piraten hunn zanter de leschte Chamberwahlen zwee Deputéiert an der Chamber. Si kéime gutt u bei de Leit, besonnesch bei deene Jonken. Der Partei géif awer eng konkret Linn feelen, fënnt de Fernand Kartheiser: "Ech gesinn dat éischter als en ephemere Phenomen."
A villen anere Länner, wou et och eng Piratepartei gouf, wier d'Partei an Tëschenzäit verschwonnen. "Et ass vläicht souguer, wann ech wëll gentil sinn, en erfrëschende Moment an der Politik, awer et ass net méi wéi dat." Fir de Fernand Kartheiser ass d'Piratepartei keng Partei, déi e bleiwende Programm hätt, a si hätt och keng bleiwend Existenzberechtegung am politesche Spektrum.