De Xavier Bettel stéing am Kontakt mat der Gesondheetsministerin Paulette Lenert, huet de Premier betount. Den Owend géif hie mat Spezialiste schwätzen, fir dann eng Decisioun ze huelen.
"D'Zuele si keng, déi mech berouegen", sou de Premier. D'Zuel vun den Hospitalisatioune vu Leit op der Intensivstatioun wier net inquietant, et misst een awer evitéieren, datt sech dat ännert, esou de Xavier Bettel.
Hien hätt de Moie mat der Gesondheetsministerin telefonéiert, an et wieren haut weider Echangë geplangt. Wann d'Infektiounszuele weider klammen, wier et wichteg ze reagéieren. Et dierft een net panikéieren, mee dës Kris hätt gewisen, datt et wichteg wier, séier ze reagéieren an ze antizipéieren.
Ob konkret Mesurë geplangt sinn, wollt de Premier net preziséieren. Et misst een d'Analys mat de Spezialisten an de Responsabelen an den Administratiounen ofwaarden. Et dierft een elo net aus der Hëft schéissen, well ee wéisst, datt eventuell Mesuren och Repercussiounen hunn.
Belsch: Grenze sollen opbleiwen
De Xavier Bettel hat um EU-Sommet ee längeren Echange mam belsche Premier Alexander de Croo a mam franséische President Emmanuel Macron iwwert d'Situatioun.
D'Belsch huet wëlles, den Owend nei Mesuren ze annoncéieren. Hien hätt mam belsche Premier driwwer geschwat, datt dee Prinzip, datt d'Grenzen sollen opbleiwen, bestoe bleift.
Wat déi franséisch Grenzregioun ugeet, wier een an enger anerer Situatioun, well de Grand Est wéinst de verhältnisméisseg niddregen Zuelen vu Mesurë verschount bliwwen ass.