Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Regierungsparteien net op enger Linn

Europawahlen 2019

Regierungsparteien net op enger Linn

Wéi vill soll d'EU an der Steierpolitik matschwätzen? An dierf an Zukunft ee Land an deem Beräich iwwerstëmmt ginn? Dat si Froen, déi fir Lëtzebuerg eng wichteg Roll spillen. Een Tour duerch d'Programmer fir d'Europawahlen vun de Parteien weist, dat et do duerchaus ënnerschiddlech Positiounen zu Lëtzebuerg gëtt. Och ënner de Regierungsparteien.

auto_stories

5 min

Wien duerch d'Programmer fir d'Europawahle bliedert, stellt fest: si sinn deels nach méi vague gehalen wéi déi fir d'Chamberwahlen. D'Fro vun der Steierpolitik ass jo fir Lëtzebuerg net eréischt zanter Luxleaks éischter wichteg - an awer ginn déi meescht Parteien dorop net all ze detailléiert an.

Steierlechen a sozialen Dumping

Sech net kloer festzeleeë féiert och emol zu erstaunlechen Aussoen, am DP-Wahlprogramm liest een zum Beispill ee Saz, deen een esou net dacks vun enger liberaler Partei héiert:

"De Kampf géint de steierlechen a sozialen Dumping an Europa ass wichteg, well verschidde Memberstaaten dës zwee Domainer nach ëmmer als variabel Komponente benotzen, fir méi kompetitiv am Bannemaart ze sinn"

Als regelrecht Kritik um Lëtzebuerger Steiermodel ass dat elo net ze verstoen, d'DP konzentréiert sech an deem Zesummenhang op de sozialen Dumping an hält an hirem Programm fest, datt een europäeschen Mindestloun zu hire Prioritéiten zielt.

Unanimitéit a Steierfroen

Kee Wuert verléiert d'DP iwwer eng aner wichteg Fro, déi Lëtzebuerg wäert betreffen: déi vun der Unanimitéit a Steierfroen. D'Europäesch Kommissioun proposéiert bekanntlech d'Vetorecht fir een eenzelt Memberland an deem Beräich ofzeschafen, fir datt kee méi blockéiere kann.

Den DP-Finanzminister Pierre Gramegna ass dogéint, dat stoung och am DP-Programm fir d'Chamberwahlen nach esou dran.

Wat soen déi aner Regierungsparteien dozou? Bei der LSAP schéngt et Beweegung am Dossier ze ginn: "D'Eestëmmegkeet am Conseil soll a Steierfroen iwwerduecht ginn."

De Bierger mat abannen

Déi gréng, déi sech op europäeschem Niveau ganz haart fir d'Ofschafen vun der Unanimitéit a Steierfroen asetzen, snin do méi roueg an hirem Lëtzebuerger Programm fir d'Europawahlen. National Vetoen stéingen a verschiddene Kärberäicher engem Fortschrëtt op europäeschem Plang am Wee - heescht et do. Déi gréng setzen hei op d'Bierger fir aus der Zwéckmillchen erauszekommen.

"Um die europäische Demokratie zu stärken, wollen wir eine breite Diskussion über das zukünftige Europa und seine angemessene Form führen und einen verfassungsgebenden Bürgerkonvent einleiten."

CSV an ADR: Unanimitéit soll bleiwen

Wat d'Oppositiounsparteien an d'Fro vun der Unanimitéit ugeet: Bei der CSV bleift et dobäi: "Die Steuerpolitik liegt jedoch in der Kompetenz des Nationalstaats und muss dies auch bleiben. Wir halten hier an der Einstimmigkeit fest."

Och d'ADR léisst hei keen Zweiwel opkommen. D'Alternativ Demokratesch Reformpartei geet méi wäit an ass dofir, datt an der EU och an anere Beräicher keng Decisiounen mat qualifizéierter Majoritéit geholl ginn. Dat war de Fall, wéi et ëm d'Quote goung, fir Refugiéen uechter der EU ze verdeelen.

Deemools goufe verschidden osteuropäesch Länner ewéi Ungarn iwwerstëmmt. Den Duercherneen, deen dono entstanen ass, hätt gewisen, wat geschitt, wann een eppes géint de Wëlle vun de Memberlänner duerchsetzt, schreift d'ADR an hirem Programm.

"Dobäi kënnt, datt am Kader vum Vott mat enger qualifizéierter Majoritéit Lëtzebuerg de facto näischt ze soen huet! Mir hunn also keen Interessi dorun, fir esou eng Entscheedungsform ze favoriséieren."

VOLT an déi Lénk: Unanimitéit opginn

Kloer dofir, de Prinzip vun der Unanimitéit opzeginn, sinn nieft där neier Partei Volt och Déi Lénk - déi sech an hirem Programm dernieft zimlech däitlech dofir ausschwätzen, Steieroasen - an dozou ziele si Lëtzebuerg, de Kampf unzesoen.

"Luxemburg muss ... mit den anderen Mitgliedstaaten zusammenarbeiten im Rahmen des automatischen Informationsaustauschs und dies für die gesamte Produktpalette, einschließlich der Investmentfonds und Aktien. Wir müssen aufhören eine Politik zu verfolgen, die multinationale Konzerne und große Vermögen anzieht, indem wir ihnen Steuergeschenke machen"

Déi Lénk sinn dann och déi Partei, déi sech am meeschte mam Steiersujet an hirem Programm befaassen a konkret Propose maachen, wéi déi vun enger Betribsbesteierung, déi op europäeschem Niveau géif berechent ginn. Een Dossier an deem d'Lëtzebuerger Regierung op EU-Niveau éischter retizent ass.

Betribsbesteierung: Regierung ass retizent

Am Wahlprogramm sinn souwuel déi gréng wéi och LSAP dofir. D'Sozialiste wëllen "... eng europawäit effektiv Kierperschaftssteier (impôt sur les sociétés) vu minimum 18%. Fir datt all d'Entreprisen hiren Deel vun der Steierlaascht droen, och d'multinational Entreprisen am digitale Beräich."

Fir eng Digitalsteier - eng Steier also fir Entreprisen ewéi Google, Apple oder Facebook, schwätze sech eng Partie Parteien aus, nieft Déi Lénk, LSAP an déi Gréng mécht dat och d'CSV an aller Däitlechkeet: "Eine europäische Digitalsteuer ist eine der Dringlichkeiten des nächsten Parlamentsmandats."

De Modell, wéi dat soll organiséiert ginn, bleift allerdéngs meeschtens zimlech vague. Dat nämmlecht betrëfft d'Aféieren vun enger Steier op Finanztransaktiounen - och hei si sech d'Regierungsparteien net eens. D'LSAP schwätzt sech am Programm fir d'Europawahlen dofir aus - déi gréng soen dozou an dësem Programm näischt, hate sech awer an hirem nationale Programm dofir ausgeschwat. Lëtzebuerg awer mécht bei deem Projet, deen op europäeschem Niveau diskutéiert gëtt, net mat.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.