Radioen

On air

Tockcity  |  Bodega - Tarkovski

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Regierungsmajoritéit wëllt Steiersystem punktuell upassen

Virun der Chamberdebatt

Regierungsmajoritéit wëllt Steiersystem punktuell upassen

D'Regierungsmajoritéit ass sech 100,7-Informatiounen no fir punktuell Upassunge vum Steiersystem eens ginn, dat kuerz virun der Debatt de Moien an der Chamber iwwer d'Steieren.

auto_stories

1 min

Symbolbild. Foto: Bigstock / Bajar

Déi blo-rout-gréng Koalitioun wëllt de Steierkredit fir Elengerzéiender an d'Luucht setzen.

Dëse Crédit d'impôt monoparental (CIM) läit aktuell bei 750 bis 1.500 Euro pro Joer, jee no Revenu.

Amortissement accéléré gëtt limitéiert

Am Logement soll den Amortissement accéléré fir Investisseure weider limitéiert ginn. D'Unzuel, wéi dacks en Investisseur den Invest an eng Locatiounswunneng dierf vun de Steieren ofsetzen, soll limitéiert ginn.

Virun annerhallwe Joer hat d'Regierung den Taux vum Amortissement accéléré scho liicht reduzéiert.

D'Wunnengspräisser sinn an de leschte Jore staark geklommen. Eng Partie Experten hu kritiséiert, datt d'Steieravantagë fir Investisseure kontraproduktiv wieren.

Energietransitioun: Entreprisen ënnerstëtzen

Weider sollen d'Entreprisë fir déi energetesch Transitioun gehollef kréien. Dat, andeems gréng Investissementer méi séier steierlech kënnen amortiséiert ginn, heescht et vu méi Sourcen.

D'Regierung wéilt och nach méi Talenter op Lëtzebuerg unzéien.

Rezent hat den DP-Fraktiounschef Gilles Baum vereenzelt kleng steierlech Mesuren net ausgeschloss, ma eng ëmfaassend Steierreform wier net ze finanzéieren.